Nächste Gladbach-Succès mam Pereira Cardoso, d'Bayern klappe St. Pauli a Sinani

© AFP
Donieft huet Heidenheim sech mat enger Victoire zu Wolfsburg wichteg Punkten am Ofstigskampf geséchert.
Mam Danel Sinani war e Samschdeg de Mëtteg e Lëtzebuerger an der Allianz Arena zu München op Besuch. St. Pauli huet gutt dogéint gehalen an huet no enger Véierelsstonn d'Lat getraff. Kuerz drop huet de Kane d'Münchener no engem héije Ballgewënn a Féierung bruecht, 10 Minutte méi spéit konnt de Saad awer fir den 1:1 suergen. D'Bayern haten zwar virun der Paus nach eng Rei weider Occasiounen, déi si awer net genotzt hunn.
No 53 Minutten huet de Sané et du besser gemaach an op Virlag vum Olise den 2:1 geschoss. Eng 20 Minutte viru Schluss huet de Sané mat sengem zweete Gol vum Dag de Sak zougemaach. Dem Ritzka säi Gol an der Nospillzäit koum ze spéit, soudass et um Enn e knappen 3:2-Erfolleg fir d'Bayern gouf.
Och zu Mönchengladbach war géint Leipzig mam Tiago Pereira Cardoso e Lëtzebuerger am Asaz, well d'Golkipper Nicolas an Omlin bei der Borussia blesséiert sinn. No enger éischter Hallschent, an där béid Ekippen gréisstendeels ongeféierlech bliwwe sinn, huet de Pléa d'Gladbacher no enger knapper Stonn mam Kapp a Féierung bruecht. RB huet dunn d'Kontroll vum Match iwwerholl, ma trotz enger Partie Geleeënheete sollt et net duergoen, fir nach e Punkt matzehuelen. De Pereira Cardoso bleift domat weider ouni Géigegol, wärend seng Ekipp mat dësem 1:0 an der Tabell laanscht RB op Plaz 5 zitt.
Zu Kiel huet Bremen sech ënner anerem duerch zwee Dramngoler souverän mat 3:0 duerchgesat. Donieft huet Hoffenheim sech duerch en Eelefmeter nach en 1:1 géint Augsburg geséchert an Heidenheim huet duerch en Eelefmeter 1:0 zu Wolfsburg gewonnen.
Am Owesmatch huet Frankfurt sech duerch e Gol vum Götze verdéngt 1:0 géint Stuttgart duerchgesat. No enger rouder Kaart fir den Al Dakhil war de VfB eng gutt hallef Stonn an Ënnerzuel a konnt dem Frankfurter Drock dunn net méi standhalen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.