Nodeems Hesper e Freideg zum Optakt vum 22. Spilldag géint Rodange gewonnen huet, ass et e Samschdeg zum Spëtzematch tëscht dem Racing an Nidderkuer komm.

Resumé Racing-Nidderkuer / Reportage Gilles Tricca

No enger ausgeglachener Ufanksphas ass Nidderkuer duerch eng schéin Eenzelaktioun vum Natami no ronn 20 Minutten a Féierung gaangen. De Racing huet virun allem offensiv net an de Match fonnt an ass kaum zu Occasioune komm. Kuerz virum Säitewiessel war et nees den Natami, dee vun engem Feeler an der Defense vun den Haushäre profitéiere konnt a sou den zweete Gol fir d'Nidderkuerer geschoss huet.

An der 54. Minutt ass den Ikene am Strofraum gefoult ginn an de Mabella konnt fir Racing vum Punkt aus verkierzen. Knapp 20 Minutten drop huet de Corral awer den drëtte Gol fir d'Visiteure markéiert. Deem hat de Racing dunn näischt méi entgéint ze setzen, soudass dass de Progrès mat 3:1 gewënnt a béid Ekippen elo punktgläich op de Plazen 5 a 6 leien.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Racing - Nidderkuer 1:3

0:1 Natami (22'), 0:2 Natami (41'), 1:2 Mabella (54', Eelefmeter), 1:3 Corral (73')

D'Tabell