Aus dem internationale Futtball kënnt d’Nouvelle, datt de Kevin De Bruyne d’nächst Saison net méi fir Manchester City spillt.

Dat huet de Belsch um Freideg op de soziale Medie bekannt ginn.

Dem Mëttelfeldspiller säi Kontrakt leeft am Summer aus. De Kevin De Bruyne ass 2015 vu Wolfsburg bei d’Citizens gewiesselt.

Den 33 Joer ale Belsch huet a sengen zéng Joer bei de Sky Blues ënner anerem sechs Mol déi englesch Meeschterschaft an 2023 d’Champions League gewonnen. E stoung 413 Mol um Terrain fir Manchester City, huet 106 Goler geschoss a steet mat 118 Assists op Plaz 2 an der éiweger Premier-League-Beschtelëscht.

Aus senger Matdeelung geet net ervir, wéi seng Zukunft wäert ausgesinn.