Déi Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp konnt sech an hirem drëtte Match an der Nations League auswäerts beim Tabelleleader Armenien 3:1 duerchsetzen.

Women’s Nations League – Rout Léiwinne wannen 3:1 an Armenien
 
Déi Lëtzebuerger Goler hunn d’Amy Thompson (4‘, 50‘) an d’Charlotte Schmit (9‘) geschoss.
 
Den Dan Santos huet kuerzfristeg op d’Golkipperin Lucie Schlimé misse verzichten. D’Nummer 1 am Lëtzebuerger Gol hat sech en Donneschdeg am Ofschlosstraining um Réck blesséiert. Ersat gouf déi 33-fach Nationalspillerin vum Joy Jung.
 
Vun der schlechter Nouvelle huet sech d’FLF-Selektioun awer net beandrockt gewisen an huet een optimale Start an dës Partie erweecht. Schonn no 4 Minutte konnt d’Amy Thompson hir Faarwe mat hirem 30. Lännermatch-Gol a Féierung schéissen. D’Ekipp vum Dan Santos hätt no engem laange Ball vum Joy Jung op d’Joana Lourenco no 15 Minutten u sech direkt missen noleeën. Dat ass de roude Léiwinnen dunn awer an der 19. Minutt gelongen. Et war d’Charlotte Schmit, déi mat engem secke Schoss op 2:0 stelle konnt. No ronn enger hallwer Stonn huet d’Svetlana Karagezian no engem Korner op 1:2 verkierzt.
 
D’Ekipp vum Dan Santos ass eng änlech gutt wéi am Ufank vum Match an déi zwee 45 Minutte gestart. An der 50. Minutt huet d’Amy Thompson mat engem flotten Distanzschoss aus ronn 25 Meter mat hirem zweete perséinleche Gol vum Dag den 3:1 markéiert. D’Rout Léiwinnen hunn an der Suite näischt méi ubrenne gelooss. Domadder ass et bei der Lëtzebuerger 3:1-Victoire bliwwen. D’FLF-Selektioun iwwerhëlt duerch dës 3 Punkten déi 1. Plaz an der Tabell.

Den Nationaltrainer Dan Santos ass houfreg an zefridde mat der Prestatioun vu senger Ekipp.
 
"Mir hunn de Match vun A bis Z dominéiert. Déi éischt 20 Minutte ware ganz gutt vun eis. Mir waren dunn 2:0 vir. De Matchplang war, fir Armenien relativ héich sichen ze goen a relativ fréi kënnen e Gol ze fannen. Nom 2:0 hate mir e bësse Problemer, dat war net gutt. Do hu mer en evitabele Korner kritt, aus deem och nach ee Géigegol entstanen ass. An der Paus hu mir Saache geännert a wollten nach eng Kéier urappen. D'Zil war et, relativ séier den 3:1 ze schéissen, deen hu mir och fonnt. Dës Victoire geet an d'Rei."

Weider geet et fir d’Ekipp vum Dan Santos en Dënschdeg ëm 17.30 Auer mam Match auswäerts zu Eschen a Liechtenstein.

Kuckt de Match tëscht Lëtzebuerg an Armenien am Replay