E Freideg den Owend war an der däitscher Futtball-Bundesliga den Optakt vum 28. Spilldag.

Bayern München huet sech an der Lutte ëm de Championstitel an der Bundesliga déi nächst wichteg Victoire geséchert, muss awer op d'mannst am Champions-League-Duell géint Inter Mailand op de Musiala verzichten. Den däitsche Rekordchampion huet e Freideg den Owend mat 3:1 (1:1) géint Augsburg gewonnen a geet mat Confiance, awer och omat ville Blesséierten an den Allersmatch vun de Véierelsfinalle géint Inter Mailand. D'Partie kënnt Dir live op RTL ZWEE kucken.

De Giannoulis (30.) hat Augsburg a Féierung bruecht. Virun der Paus konnt de Musiala (42.) ausgläichen. An der 54. Minutt huet hien du wéinst enger Blessur um Uewerschenkel missen ausgewiesselt ginn - de sechste prominenten Ausfall bei de Bayern. No der Giel-Rouder Kaart vum Zesiger hu Kane (60.) a Sané (90. +3) de Match gedréint.

An der Tabell baut Bayern de Virsprong op Leverkusen op néng Punkten aus. Leverkusen ass e Samschdeg zu Heidenheim gefuerdert.