De fréie Gol vum Chris Lybohy huet um Enn den Ënnerscheed gemaach an déi wichteg dräi Punkte fir de Progrès geséchert.

E Samschdeg den Owend war am nationale Futtballchampionnat den Optakt vum 23. Spilldag. Virun den eegene Spectateure ka sech de Progrès Nidderkuer mat 1:0 géint Stroossen duerchsetzen an zitt domat an der Tabell laanscht op déi drëtt Plaz.

Nidderkuer war gutt an de Match gestart a konnt no nëmmen 13 Minutten duerch ee Gol vum Chris Lybohy a Féierung goen. Am weidere Spillverlaf war d'Partie dann dacks ënnerbrach a weider Golchancen hunn d'Spectateuren och net richteg ze gesi krut. Mat der knapper Féierung fir de Progrès ass et also no 45 Minutten an d'Paus gaangen. Am zweeten Duerchgang huet d'Lokalekipp da probéiert den 1:0 ze verdeedegen. Stroossen huet de Wee no vir gesicht, sollt um Enn awer net fir d'Beméiunge belount ginn. Duerch eng gutt Defensivaarbecht wënnt Nidderkuer de Match um Enn a klëmmt domadder op déi 3. Plaz an der Tabell.

E Sonndeg geet et da mat den anere Partië vum Spilldag weider.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D'Tabell