Domat confirméiert de Fernand Laroche d'RTL-Informatiounen aus der leschter Woch.

Am Kader vum Championnatsmatch tëscht Hesper an Wolz huet de President vum Swift Fernand Laroche confirméiert, datt säi Veräin fir déi zweet Saison hannertenee keng UEFA-Lizenz wäert kréien an deemno och am Fall vun enger Qualifikatioun fir d‘Conference League net wäert kënnen drun deelhuelen.

Extrait Fernand Laroche (1)

"Et gouf jo schonns an der Press annoncéiert, et ass nees net duergaangen, datt mir eise Budget clôturéiert kruten an dowéinst musse mir nees op eis europäesch Plaz verzichten.
 
Hesper huet eng grouss Zomm un Salairen opstoen, respektiv och u Payementer géintiwwer de staatlechen Administratiounen. Eng Situatioun, déi dem President no net einfach ass.

Extrait Fernand Laroche (2)

"Et ass scho méi komplizéiert. Ech kennen de Budget jo ganz genau an et ass einfach net duergaangen, fir deen ze clôturéieren. Virun allem net am Delai vum 31. Mäerz vun der UEFA a vun der FLF."
 
D‘Fro bleift elo, wéi d‘Spiller och bis Enn der Saison wäerte reagéieren.

Extrait Fernand Laroche (3)

"Ech mengen, dat huet sech relativ séier ronderëmgeschwat an et brauch een och kee Geheimnis aus der Situatioun ze maachen. Mir mussen elo domat liewen an ech mengen, datt d‘Spiller dat Sportlecht kucken an ech denken, jiddereen ass bereet, fir bis de leschte Match säi Rôle ze spillen an datt dat propper wäert iwwer d‘Bün goen."