Inter Mailand setzt sech mat 2:1 zu München duerch, Arsenal schéisst Real of

© Tom Weller / dpa
En Dënschdeg stoungen am Kader vun der Champions League d'Optaktmatcher an de Véierelsfinallen um Programm. Am Topmatch sinn d'Bayern op den Inter getraff.
Am Topmatch zu München kruten d'Spectateuren eng Lokalekipp ze gesinn, déi de Match iwwert wäit Strecken dominéiert huet, sech allerdéngs schwéier gedoen huet, fir e Gol ze schéissen. Den Inter war méi defensiv ausgeriicht an dofir awer ëmsou méi äiskal virum Gol. No 90 gespillte Minutten, musse sech d'Münchener Bayern mat 1:2 géint Inter Mailand geschloe ginn. D'Italiener hunn domadder eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch, deen e Mëttwoch an enger Woch an Italien gespillt wäert ginn.
Am anere Match vum Owend kruten d'Spectateuren e flotte Match ze gesinn, an deem béid Formatioune mat vill Vitess opgetruede sinn a se allebéid den direkte Wee a Richtung géigneresche Gol gesicht hunn. Obschonns Arsenal liicht besser am Match war, haten d'Spiller vu Madrid och e puer gutt Chancen, soudatt fir den neutrale Spectateur vill gebuede war. Am Ufank vun der zweeter Hallschent konnten d'Gunners hir Iwwerleeënheet schlussendlech och a Goler ëmmënzen. Hei konnt virun allem de Rice iwwerzeegen, deen zwee schéi Goler per Fräistouss markéiere konnt. Um Enn setzt sech Arsenal no enger richteg gudder zweeter Hallschent mat 3:0 géint Real Madrid duerch, déi an der éischter Hallschent awer och e puer gutt Chancen opweises haten.
Bayern München - Inter Mailand 1:2
0:1 Martinez (38'), 1:1 Müller (85'), 1:2 Frattesi (88')
D'Spiller vun de Bayern hu gutt ugefaangen an hu vun Ufank un den direkte Wee no vir gesicht. Esou konnte si an der Ufanksphas schonn eng sëllege Kéiere geféierlech virum Gol vum Inter opdauchen. Déi éischt gutt Occasioun hat den Olise an der 7. Minutt. De jonke Fransous ass an de Strofraum gedribbelt an huet do den Ofschloss gesicht. Säi schaarfe Schoss, deen iwwerdeems ofgefälscht war, ass nëmmen ëm Zentimeter laanscht de Gol gaangen. An der 14. Minutt koum dunn de Kane, no enger schéiner Passkombinatioun, zum Kappball, mä och den Englänner ass ouni Erfolleg bliwwen. An deenen nächste Minutten haten d'Bayern wuel nach gutt Chancen, mä weder den Olise, nach de Guerreiro konnten de Sommer am Gol vum Inter bezwéngen. An der 26. Minutt koum et dunn zur beschter Chance am Match. Den Urbig am Münchener Gol probéiert d'Spill séier ze maachen a schléit de Ball no vir. Do profitéieren d'Bayern vun engem Feeler vum Pavard, deen de Ball liichtfänkeg hiergëtt, soudatt den Olise de Kane an Zeen setze kann, soudatt dëse vëlleg eleng virum Sommer opdauche kann. Allerdéngs trëfft den Englänner mat sengem Schoss just de Potto, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. De Sommer hätt bei dësem Schoss wuel keng Chancë gehat, fir un de Ball ze kommen. No dëser Aktioun ass den Inter erwächt. Bis dohinner haten d'Italiener näischt an dësem Match ze radetten, mä an der 31. Minutt hunn dës sech eng éischte Kéier geféierlech no vir getraut: De Bastoni setzt den Augusto an Zeen, dee de Gol mat sengem Schoss ëm e puer Millimeter verfeelt. An der 38. Minutt sollt de Martinez et du fir seng Faarwe besser maachen. Eng laang Pass lant beim Augusto, deen an der Mëtt den Thuram fënnt. Dëse leet de Ball artistesch fir de Martinez, deen am Réckraum lauert, op. Den Argentinier schléisst doropshin direkt mam Ausserëss of a léisst dem Urbig bei sengem sate Schoss keng Chance, soudatt et op eemol 1:0 fir d'Gäscht stoung. Mat dësem Score ass et dunn och op den Téi gaangen. D'Münchener ware wuel déi besser Ekipp an der éischter Hallschent, musse sech awer virgeheie loossen, datt se d'Goler vir net gemaach hunn, wat sech, ewéi esou dacks am Futtball, gerächt huet.
Nom Téi sinn d'Spiller vum Inter besser aus de Kabinne komm. Si stounge weiderhin hanne stabil, hunn awer am Stuerm méi Drock op déi bayresch Defense ausgeüübt. Esou konnte si duerch Martinez, Thuram an Augusto eng sëllege Schëss a Richtung bayresche Gol lassloossen. Am Filet aschloen, sollten awer keng vun dësen Occasiounen. D'Münchener hunn dogéint eng gutt Véierelsstonn gebraucht, fir an déi zweet 45 Minutten ze fannen. Doropshin hu si sech och nees virun de géigneresche Gol getraut. Déi beschten Occasioun hat hei de Guerreiro, dee mat sengem fulminante Volleyschoss an der 64. Minutt de Gol vum Sommer nëmme knapps verfeelt huet. D'Bayern ware beméit, mä hu sech schwéier gedoen, fir sech honnertprozenteg Chancen erauszespillen. Esou huet et bis an déi 77. Minutt gedauert, ier datt d'Münchener nees eppes Nennenswäertes op d'Bee gestallt hunn. Hei war et de Gnabry, deen no engem séiere Virstouss e puer Géigespiller stoe gelooss huet a mat sengem Schoss de Gol just knapps net getraff huet. An der Schlussphas hunn d'Münchener op den Ausgläich gedréckt, mä weder de Müller, nach de Kane haten déi néideg Reussite op hirer Säit. Allerdéngs soll een d'Bayern ni ofschreiwen, wat dës an der 85. Minutt op en Neits ënner Beweis gestallt hunn: De Laimer bréngt eng Flank op den zweete Potto eran, wou de Müller komplett eleng steet, deen dës Kéier weder vun engem Inter-Spiller entscheedend gestéiert ka ginn, nach um Sommer am Gol hänke bleift an esou an typescher Müller-Manéier fir den 1:1-Ausgläich suerge kann. Mä et waren nach e puer Minutten ze spillen a béid Formatiounen haten nach Wëlles, dëse Match ze gewannen. Esou war den Inter och nach net ofgeschriwwen, wat d'Spiller an der 88. Minutt bewisen hunn. No engem séiere Konter lant de Ball beim Augusto, dee schaarf an d'Mëtt op de Frattesi flankt, deen äiskal virum Urbig bleift an de Ball am Gol ënnerbrénge kann. Esou ass et dem Inter direkt nom Ausgläich gelongen, nees a Féierung ze goen. Kuerz drop war dunn och Schluss. E verréckte Match tëscht zwou Top-Ekippe geet um Enn mat engem 1:2 aus der Siicht vun de Bayern op en Enn, déi sech virgeheie mussen, net effizient genuch gewiescht ze sinn.
FC Arsenal - Real Madrid 3:0
1:0 Rice (58'), 2:0 Rice (70'), 3:0 Merino (75')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.