PSG ziddert sech an den nächsten Tour, och Barcelona trotz Néierlag weider

© AFP
En Dënschdeg den Owend waren déi éischt zwee Retourmatcher an der Véierelsfinall vun der Champions League.
Paräis a Barcelona sinn déi éischt Halleffinaliste vun der Kinneksklass dës Saison, obwuel béid Ekippen de Retourmatch verluer hunn. De PSG huet Aston Villa eliminéiert a Barcelona huet Dortmund erausgeheit. Aston Villa huet de Retourmatch mat 3:2 gewonnen, iwwerdeems de BVB sech mat 3:1 duerchgesat huet. Esouwuel fir d'Englänner wéi och fir Dortmund war dat awer ze wéineg, fir weiderzekommen.
Aston Villa - PSG 3:2
0:1 Hakimi (11'), 0:2 Mendes (27'), 1:2 Tielemans (34'), 2:2 McGinn (55'), 3:2 Konsa (57')
Aston Villa hat e Réckstand vun zwee Goler aus dem Allersmatch opzehuelen. Deementspriechend hunn d'Haushäre vun Ufank u probéiert, d'Kontroll ze iwwerhuelen an offensiv ze agéieren. Dee Plang ass awer relativ séier no hanne lassgaangen, well an der 11. Minutt huet Paräis no enger séierer Konterattack de Score opgemaach. Den Hakimi hat fir déi Paräisser markéiert.
D'Englänner hu sech dovunner awer nach net demotivéiere gelooss an hu weider gedréckt. Si konnte sech och ënnert anerem a Persoun vum Rogers gutt Chancen erausspillen, ma hir Schëss waren net prezis genuch.
An der 27. Minutt hunn d'Gäscht Aston Villa dunn op en Neits äiskal erwëscht. Op en Neits war et eng richteg gutt Konterattack, déi den Nuno Mendes um Enn zum 2:0 erasetze konnt.
Déi Paräisser haten elo eng komfortabel Avance an hu bei eegenem Ballbesëtz elo ëmmer manner konzentréiert gewierkt, esou datt si eng ganz Partie onnéideg Feeler gemaach hunn a vun esou engem hunn d'Haushäre profitéiert, fir ze verkierzen. De Youri Tielemans konnt an der 34. Minutt nämlech op 1:2 verkierzen. Dem Belsch säi Schoss war vum Pacho onhaltbar ofgefälscht ginn. Mat deem Score goufen dunn och d'Säite gewiesselt.
An der zweeter Hallschent huet Aston Villa du richteg opgedréint. An der 55. Minutt huet de McGinn mat engem Sonndesschoss aus der Distanz fir seng Faarwen ausgeglach, ier de Konsa nëmmen zwou Minutte méi spéit esouguer den 3:2 fir Aston Villa geschoss huet.
D'Englänner waren elo kloer dominant an hu weider richteg Drock gemaach. An dëser Phas war et virop den Donnarumma am Gol vum PSG, dee seng Ekipp am Spill gehalen huet. Den italieeneschen Nationalekipp huet dräi richteg gutt Parade gemaach, dat géint Konsa, Tielemans an Asensio.
De Paräisser ass ëmmer méi kloer ginn, dass et elo eng ganz enk Affär kéint ginn, well Aston Villa huet just nach ee Gol zur Verlängerung gefeelt a wäit ware si vun deem net fort.
An der Schlussphas war d'Partie du weider immens animéiert, ma e Gol sollt kee méi falen, esou dass Paräis sech an déi nächst Ronn ziddert.
Dortmund - Barcelona 3:1
1:0 Guirassy per Eelefmeter (11'), 2:0 Guirassy (49'), 2:1 Eegegol Bensebaini (54'), 3:1 Guirassy (76')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.