Arsenal verléiert 0:1 géint PSG

© ADRIAN DENNIS/AFP
Den Ousmane Dembélé huet an der 4. Minutt de Gol vum Owend fir d'Fransouse markéiert.
Am Allersmatch vun der éischter Halleffinall konnt sech PSG bei Arsenal duerchsetzen an huet elo eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch. D'Gäscht hunn Arsenal an der Ufanksphas fréi gepresst a goufe mam 1:0 belount. An der Suite ass Arsenal awer besser an de Match komm, huet den Ausgläich virun der Paus awer verpasst.
Nom Säitewiessel hat Arsenal déi besser Méiglechkeeten, d'Ofwier vu Paräis an den Donnarumma hu kee Géigegol zougelooss. An der Schlussphas hätten d'Gäscht och kéinten den zweete Gol markéieren, kruten de Ball awer net iwwer d'Linn gedréckt. Um Enn konnt sech de PSG verdéngt mat 1:0 zu London behaapten.
De Retourmatch ass de 7. Mee zu Paräis.
Arsenal - PSG 0:1
0:1 Dembélé (4')
D'Partie ass mat enger kaler Dusch fir Arsenal lassgaangen. Mat der éischter Méiglechkeet sinn d'Gäscht direkt a Féierung gaangen. Den Dembélé hat an der Mëtt ze vill Plaz an huet de Kvaratskhelia iwwer lénks geschéckt. Den Dembélé krut de Ball zréck an huet de Ball am laangen Eck am Filet ënnerbruecht.
Arsenal huet probéiert Rou an d'Spill ze kréien, de PSG huet awer immens héich gepresst an d'Englänner net an d'Spill komme gelooss. D'Fransouse konnten d'Onsécherheete vun Arsenal awer net weider notzen a lues a lues huet sech eng Partie op Aenhéicht entwéckelt. Déi grouss Chancë sinn an där Phas awer ausbliwwen.
An der 31. Minutt hätt den Doué aus dem Näischt kéinten op 2:0 erhéijen, de Raya konnt dat awer mat enger schéiner Parad verhënneren. An de leschte 15 Minutte virun der Paus war d'Heemekipp méi staark. Fir d'éischt konnt de Neves virum Merino klären, éier de Martinelli zwou grouss Geleeënheeten net era krut. An der 45. Minutt ass de Brasilianer eleng op de Gol gelaf, den Donnarumma konnt de Ball halen. Et blouf beim 1:0 fir Paräis.
Déi 2. Hallschent goung bal esou lass wéi déi éischt. No engem Fräistouss fir Arsenal huet de Merino de Ball an de Gol gekäppt. Nom VAR huet den Arbitter de Gol wéinst Abseits zréckgeholl. D'Heemekipp war elo richteg am Match. An der 56. Minutt ass den Trossard mat engem secke Schoss um Donnarumma hänke bliwwen.
Arsenal war an der Suite déi dominant Ekipp um Terrain, déi gutt defensiv Aarbecht vum PSG huet et den Englänner schwéier gemaach, fir sech weider kloer Chancen erauszespillen. An der 77. Minutt huet op en Neits den Donnarumma e Schoss vum Saka paréiert. Op der anerer Säit huet de Neves aus ronn 16 Meter iwwer de Gol geziilt.
An de leschten 10 Minutten huet sech PSG gutt Konterchancen erausgespillt. De Barcola huet an der 84. Minutt awer laanscht de Gol geschoss. Zwou Minutte méi spéit ass dem Ramos säi Schoss op der Lat gelant. Um Enn sollt et bei der knapper Victoire fir de PSG bleiwen.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.