Den F91 feiert seng 16. Victoire an dëser Saison, déi méi wéi verdéngt war. Diddeleng ass bis e Sonndeg nees Tabellenzweeten.

Den F91 Diddeleng feiert eng souverän a kloer 4:0-Victoire um Holleschbierg beim Swift Hesper. Domat spréngt Diddeleng emol provisoresch op Plaz 2. E Sonndeg kann d'UNA Stroossen nees laanschtzéien.

Déi éischt grouss Chance goung op de Kont vun der Heemekipp, mee soss huet Hesper an der éischter Hallschent net vill ronn bruecht. Dozou huet och de séiere Réckstand fir de Swift bäigedroen. An der 7. Minutt hat den Delorge fir Diddeleng markéiert. Eng Véierelstonn méi spéit koum et fir de Swift nach méi déck: de Ferrara gouf no 21 Minutte mat Giel-Rout vum Terrain gesat. Duerno war den F91 spillbestëmmend an huet d'Heemekipp hannen era gedréckt. Kuerz virun der Paus haten d'Gäscht zwou grouss Chancen, de Score ze erhéijen, mee d'Lieder wollt net an de Filet.

Och nom Säitewiessel huet Hesper net vill investéiert, fir den Turnaround ze packen. Et war eng logesch Konsequenz a just eng Fro vun der Zäit, dass den F91 noleeë konnt. Dat sollt de Gäscht an der 66. an an der 67. Minutt geléngen. Domat war de Match gelaf. Diddeleng konnt an der 80. Minutt nach een dropleeën. a goung als verdéngte Gewënner vum Terrain.

Déi aner Matcher ginn e Sonndeg um 16 Auer ugepaff.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerHesper - Diddeleng 0:4
0:1 Delorge (7'), 0:2 Decker (66'), 0:3 Hadji (67'), 0:4 Delorge (80')

D'Tabell