Bayern München mécht de Meeschtertitel nach net kloer

© AFP
Zu Gladbach gouf et e Golfestival. Arsenal verspillt seng gutt Ausgangspositioun. Atlético ass definitiv aus der spuenescher Meeschtercourse eraus.
Bundesliga
Union Berlin - Bremen 2:2
0:1 Stage (2'), 0:2 Stage (15'), 1:2 Rothe (38'), 2:2 Bénes (84')
Bremen war an der Ufanksphas kloer déi besser Ekipp, mee du koum Berlin duerch e Gol aus dem Näischt nees an de Match. Am zweeten Duerchgang huet d'Ekipp vum Trainer Baumgart vill Drock gemaach a koum spéit zum verdéngten Ausgläich. De Gol vum Benés huet an d'Kategorie Dramgol gehéiert. Aus 14 Meter huet de Berliner de Ball am Wénkel ënnerbruecht. Fir Bremen ass dës Punktendeelung en Dämpfer fir d'Course ëm Europa.
Gladbach - Hoffenheim 4:4
1:0 Chiarodia (5'), 2:0 Reitz (32'), 2:1 Arthur Chaves (43'), 2:2 Bülter (54'), 3:2 Honorat (64'), 3:3 Hlozek (74'), 3:4 Tabakovic (82'), 4:4 Kleindienst (90'+1)
Et war en ofwiesslungsräiche Match am Borussia-Park. Nodeems Gladbach 2:0 vir louch, koum Hoffenheim nach virun der Paus zum Uschloss. An der éischter Hallschent kruten d'Zuschauer 3 Goler ze gesinn, no der Paus waren et der nach eng Kéier 5. Fir d'éischt konnten d'Gäscht zweemol ausgläichen an duerno souguer d'Féierung iwwerhuelen, wat de Klassenerhalt fir Hoffenheim bedeit hätt. De Kleindienst huet dat mat sengem Gol an der Nospillzäit awer verhënnert.
St. Pauli - Stuttgart 0:1
0:1 Woltemade (88')
Stuttgart gewënnt verdéngt um Millerntor an ass de Spillverdierwer fir St. Pauli. Ee Punkt wär den Hamburger duergaangen, fir d'nächst Saison nees sécher an der Bundesliga ze spillen. Dorop muss d'Ekipp vum Lëtzebuerger Danel Sinani op d'mannst nach eng Woch waarden. Stuttgart ka sech weider Hoffnungen op Europa maachen.
Leipzig - Bayern München 3:3
1:0 Sesko (11'), 2:0 Klostermann (39'), 2:1 Dier (62'), 2:2 Olise (63'), 2:3 Sané (83'), 3:3 Poulsen (90'+4)
Et war en Optakt no Mooss fir Leipzig. Nodeems de Sesko fréi erasetze konnt, huet de Klostermann kuerz virun der Paus den zweete Gol besuergt. Leipzig war zwar manner geféierlech, huet seng Chancen awer méi effizient genotzt. D'Bayern hate méi vum Match, koumen awer net geféierlech virun de Gol. Dat sollt sech an der zweeter Hallschent bannent 120 Sekonnen awer änneren. No engem Corner konnt den Dier den Uschloss besuergen a kuerz drop huet den Olisé vun engem Feeler an der Leipziger Defense profitéiert. Wéi de Sané den drëtte Gol fir d'Bayern geschoss hat, hat jidderee gemengt, dat wär de Gol fir de Meeschtertitel. De Poulsen sollt hinnen an der Nospillzäit awer nach e Stréch duerch d'Rechnung maachen.
Dortmund - Wolfsburg 4:0
1:0 Guirassy (3'), 2:0 Guirassy (59'), 3:0 Adeyemi (69'), 4:0 Adeyemi (73')
Dortmund hat e formidabele Start an de Match an hat mat der Féierung am Réck dat néidegt Selbstvertrauen. Trotzdeem hunn déi Schwaarz-Giel ze wéineg fir de Match gemaach a Wolfsburg war drun, fir ze egaliséieren. Dat sollt sech nom Säitewiessel änneren. Mam zweete Gol vum Guirassy war den Offensivdrang vun de Gäscht gebremst an de BVB huet gewisen, wat fir e Potenzial an him stécht. Den Adeyemi huet nach zwee Goler dropgeluecht, an enger Phas, wou Wolfsburg komplett um Buedem louch. Mat dësem Resultat kann Dortmund weider vun der Champions League dreemen an eng schlecht Saison vläicht awer nach retten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Arsenal London - Bournemouth 1:2
1:0 Rice (34'), 1:1 Huijsen (67'), 1:2 Evanilson (75')
An enger ausgeglachener éischter Hallschent konnt Arsenal eng vu senge ville Chancen notzen, mee och Bournemouth war no drun un engem Gol. D'Gunners hu weider no vir gespillt, mee goufe vum Ausgläich kal erwëscht a krute sech net méi opgeriicht. Bournemouth konnt de Match mat engem zweete Gol souguer dréinen. An de Minutten duerno huet Arsenal et net méi fäerdegbruecht, geféierlech virun de géigneresche Gol ze kommen. D'nächst Woch steet de Réckmatch an der Champions League géint Paräis um Programm.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Lecce - Neapel 0:1
0:1 Raspadori (24')
Neapel war an der éischter Hallschent méi dominant an huet dovu profitéiert, fir den decisive Gol ze schéissen. De Raspadori huet per Fräistouss markéiert. Mee och Lecce hat seng Chancen. Neapel huet sech am zweeten Duerchgang mat Chancen zeréckgehalen, mee och d'Lokalekipp hat de Spectateuren net vill ze bidden. Mat der Victoire kann Neapel den Drock op Inter Mailand oprechterhalen.
Inter Mailand - Verona 1:0
1:0 Asllani (9', Eelefmeter)
No zwou Néierlagen an der Serie A konnt Inter Mailand endlech nees 3 Punkten afueren; an dat mat enger B-Ekipp. Domat bleift de Réckstand op Neapel bei 3 Punkten. Verona dogéint muss nach ëm de Klassenerhalt zidderen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Stroossbuerg - PSG 2:1
1:0 Hernandez (20', Eegegol), 2:0 Lemarechal (45'+3), 2:1 Barcola (46')
Nodeem Paräis de Meeschtertitel scho sécher huet, loosse si et méi roueg ugoen. Sou ass och déi zweet Néierlag hannerteneen ze erklären. Fir Stroossbuerg bedeit dës Victoire e weidere wichtege Schratt Richtung Champions League oder Europa League.
St. Etienne - Monaco 1:3
0:1 Akliouche (2'), 1:1 Davitashvili (65'), 1:2 Al Musrati (68'), 1:3 Balogun (78')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Alavés - Atlético Madrid 0:0
Duerch dëst Gläichspill verpasst Atlético et, den Drock op Barcelona a Real Madrid un der Tabellespëtzt ze erhéijen. Atlético huet elo 12 Punkte Réckstand op Barcelona bei nach 4 ze spillende Matcher. De Madrileenen huet de ganze Match iwwer d'Duerchschlagskraaft gefeelt, mee och Alavés hat an der zweeter Hallschent eng Rei Chancen. Alavés bréngt dëse Punkt am Ofstigskampf méi wéi Atlético.
Valladolid - FC Barcelona 1:2
1:0 Sanchez (6'), 1:1 Raphinha (54'), 1:2 Lopez (60')
Nom fréie Schock huet Barcelona laang gebraucht, fir nees an de Match ze kommen. Si ware wuel iwwerleeën, konnten awer eréischt nom Säitewiessel hir Chancen a Goler ëmmënzen. Valladolid hat sech virun allem op d'Defense konzentréiert. D'Gléck huet si awer no 54 Minutte verlooss an d'Katalane konnten ausgläichen. Mat engem zweete séiere Gol ass de spueneschen FCB op d'Gewënnerstrooss agebéit. No dëser Victoire huet Barcelona provisoresch 7 Punkte Virsprong op Real Madrid.