Inter klappt Barcelona a steet als éischte Finalist fest

© MARCO BERTORELLO/AFP
D'Ekipp vum Simone Inzaghi konnt sech no Verlängerung mat 4:3 géint Barcelona duerchsetzen. Den decisive Gol huet de Frattesi an der 99. Minutt markéiert.
Nom 3:3-Remis am Allersmatch vun der Halleffinall an der Champions League sollten an der 2. Partie och vill Goler falen. No 90 Minutte stoung et och 3:3 gläich. Um Enn konnten d'Italieener an der Verlängerung nach ee Gol markéieren a stinn domadder als éischt Ekipp an der Finall.
Dobäi waren et an der regulärer Spillzäit zwou verschidden Hallschenten. An der éischter war Inter dominant an och verdéngt mat 2:0 vir. Barcelona huet nom Säitewiessel reagéiert a konnt d'Partie banne 6 Minutten ausgläichen. Kuerz viru Schluss sollt de Raphinha de Match komplett dréinen. Inter huet net opginn a sech an der Nospillzäit mam 3:3 belount. An der Verlängerung huet de Frattesi de 4:3 markéiert a seng Ekipp an d'Finall bruecht.
D'Finall gëtt den 31. Mee an der Allianz Arena zu München gespillt.
Inter-Barcelona 4:3 no Verlängerung
1:0 Martinez (21'), 2:0 Calhanoglu (45+1', Eelefmeter), 2:1 Eric (54'), 2:2 Olmo (60'), 2:3 Raphina (87'), 3:3 Acerbi (90+3'), 4:3 Frattesi (99')
Béid Ekippen hunn en engagéierten Ufank gewisen a waren an den Zweekämpf hellwaakreg. D'Intensitéit war héich, grouss Golchancë gouf et an enger éischter Phas awer net. Den Thuram huet an der 16. Minutt eng éischte Kéier laanscht de spuenesche Gol geschoss. Inter ass lues a lues méi staark ginn an an der éischter Drangphas sollt och direkt den 1:0 falen. Den Dimarco hat den Dumfries an Déift geschéckt, den Hollänner huet d'Iwwersiicht behalen, esou datt de Martinez an den eidele Gol konnt ofschléissen.
An der Suite huet Inter de Gäscht d'Spill iwwerlooss. Mam Dani Olmo a Pedri konnt Barcelona déi éischt Méiglechkeeten erausspillen, de Yann Sommer huet awer nach net missten agräifen. An der 36. Minutt hat de Yamal den 1:1 um Fouss leien, säi Schoss war awer net cadréiert a goung laanscht de Gol. D'Heemekipp huet kuerz drop nees reagéiert, de Mkhitaryan huet mat sengem Wäitschoss de Gol och net getraff. No enger weiderer Chance fir den Calhanoglu krut Inter no enger Interventioun vum VAR en Eelefmeter zougesprach. Den Calhanoglu konnt de Ball kuerz virun der Paus erasetzen. Mam 2:0 fir Inter sinn d'Säite gewiesselt ginn.
Ouni Changementer goung et an déi 2. Hallschent eran, wou Barcelona direkt probéiert huet, Drock opzebauen. Inter hat nees déi éischt Chance, dem Acerbi säi Gol gouf wéinst Abseits awer zréckgepaff. Op der anerer Säit hunn d'Gäscht mat enger vun den nächsten Aktiounen d'Partie nees spannend gemaacht. No enger Flank vu lénks stoung den Eric op der richteger Platz an huet den 1:2 markéiert.
Et war den Optakt vun enger Phas an där Barcelona Inter an déi eegen Hallschent eragedréckt a net erausgelooss huet. Nodeems den Eric an der 57. Minutt déi grouss Chance op den 2:2 leie gelooss huet, konnt den Dani Olmo 3 Minutte méi spéit ausgläichen. D'Heemekipp huet sech weiderhi schwéier gedoen a Barcelona huet offensiv net labber gelooss. An der 68. Minutt gouf de Yamal kuerz virum Strofraum vun de Bee geholl. De Fräistouss aus gudder Positioun ass awer net geféierlech ginn.
An der Schlussphas ass Inter nees besser an de Match komm. Barcelona ass an der 87. Minutt geféierlech no vir komm a goung duerch de Raphinha mat 3:2 a Féierung. Et war awer nach net de Schlusspunkt, well den Acerbi konnt an der Nospillzäit nach den 3:3 markéieren. D'Italieener hu sech domadder an d'Verlängerung gerett.
Inter war elo nees méi present um Terrain a konnt an der 99. Minutt duerch de Frattesi a Féierung goen. Am zweeten Duerchgang vun der Verlängerung haten d'Spuenier méi de Ball, Inter huet op Kontere gelauert. E Gol sollt net méi falen an Inter qualifizéiert sech no der 4:3-Victoire fir d'Finall vun der Champions League.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.