Staark Prestatioun vum Jenny Warling op der Europameeschterschaft zu Jerewan an Armenien.

No 4 Victoirë konnt sech d'Jenny Warling en Donneschdeg fir d'Finall op der Karate-EM qualifizéieren. E Samschdeg um 16.51 Auer kritt et d'COSL-Elite-Sportlerin an der Kategorie ënner 55 Kilogramm mat der Nummer 3 vun der Welt, dem Mia Bitsch, ze dinn.

Eng Géignerin, déi d'Jenny Warling kennt. An der Vergaangenheet gouf et souwuel Néierlage wéi och Victoirë géint d'Karateka aus Däitschland. "Wann ech esou kämpfe wéi haut [u.v.d.R.: Donneschdeg], dann ass alles dran", sou d'Jenny Warling am RTL-Interview.

D'Jenny Warling iwwer hir Géignerin an der Finall

Déi 21 Joer al Karateka aus Däitschland konnt sech d'lescht Joer den EM-Titel sécheren. Dem Jenny Warling war dat 2019 gelongen.

Duerch d'Qualifikatioun fir d'EM-Finall huet sech d'Jenny Warling och fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert.

D'Jenny Warling iwwer de Wee an d'Finall

Nieft dem Jenny Warling waren och den Alexander Davies (Kategorie: + 84 kg) an de Jordan Sibille (Kategorie: - 67 kg) zu Jerewan am Asaz. Béid Karatekae goufen an der éischter Ronn eliminéiert.

RTL

© FLK

D'Schreiwes vun der Lëtzebuerger Karate-Federatioun

Communiqué de Presse

Mesdames, Messieurs,
Le 29 avril dernier, j’ai eu le plaisir de vous informer, en qualité de Directeur Technique National, de notre participation aux 60ème Championnats d’Europe Senior qui se déroulent en ce moment même à Yerevan, en Arménie.

Comme vous le savez, la Fédération Luxembourgeoise de Karaté était représentée par trois athlètes, que sont SIBILLE Jordan, DAVIES Alexander et WARLING Jenny.

Malheureusement, Jordan et Alexander se sont inclinés dès le premier tour, respectivement 2 5 face à TODOROV Teodor (BUL) et 2 8 face à STOJANOVIKJ Stefan (MKD).

La belle performance est venue tout droit de notre représentante féminine. En effet, Jenny a livré un parcours remarquable, franchissant les combats un à un, pour se hisser jusqu’en finale de ces championnats d’Europe senior, prévue ce samedi 10 mai à 16h51 (heure locale luxembourgeoise).

Voici le parcours de Jenny WARLING :

1/16 finale : OLSEN Nicoline (DEN) 2 0
1/8 finale : TERLIUGA Anzhelika (UKR) 11 3
¼ finale : CHERNYSHEVA Anna (EKF 1) 6 4
½ finale : ZVIADAURI Lizi (GEO) 9 4
Finale : Samedi 10 mai (16h51)

La Fédération Luxembourgeoise de Karaté, sous couvert de Fred CHARLE, son Président, se félicite d’ores et déjà de cet excellent résultat, qui vient une fois de plus rendre hommage et afficher avec fierté les couleurs du Grand Duché sur la scène internationale.

Dans l’espoir sincère de revenir vers vous ce weekend pour vous annoncer la plus belle des nouvelles, veuillez recevoir mes respectueuses salutations.