Déifferdeng ass eng gutt zweet Hallschent duergaangen, fir de Match ze gewannen. Fir Nidderkuer ass et e Réckschlag am Kampf ëm d'Vizemeeschterschaft.

Um drëttleschte Spilldag huet de Champion Déifferdeng Wolz mat 4:0 iwwerrannt. Dobäi hat et laang net no esou enger klorer Victoire ausgesinn.Et war eng ganz schwaach éischt Hallschent, déi déi 286 Zuschauer um Wëlzer Terrain gebuede kruten. Zwou ganzer Golchancë krute béid Ekippen zustan. Déifferdeng hat wuel méi Ballbesëtz, awer si konnte kee Kapital doraus schloen. Virum Strofraum war ëmmer Endstatioun. Wolz huet op Kontere gesat, wat hinnen awer seele gelongen ass.

Mat der éischter Golaktioun vun den zweete 45 Minutte konnten d'Gäscht den éischte Ball am Filet ënnerbréngen. Nom zweete Gol duerch den Abreu war kloer, a wat fir eng Richtung de Match goe géif. Kuerz drop huet Déifferdeng fir den drëtten a véierte Streech gesuergt. Wolz behält domat just 3 Punkten Avance op Rodange, déi op der éischter Relegatiounsplaz stinn.

Am zweete Match huet sech d'Union Titus Péiteng 1:0 beim Progrès Nidderkuer behaapt. D'’Gäscht hu mat engem héijen Tempo ugefaangen an direkt zweemol fir Gefor virum Nidderkuerer Gol gesuergt. No der staarker Ufanksphas hu si ëmmer méi d’Kontroll iwwer d’Spill iwwerholl. Nidderkuer huet iwwerrascht geschéngt a koum eréischt lues an de Match. Genee an dëser Phas konnt Péiteng no engem schéine Spillzuch duerch den Ali a Féierung goen. An der zweeter Hallschent huet sech Péiteng op d'Verteidege konzentréiert an Nidderkuer d'Spill gréisstendeels iwwerlooss. Trotz e puer Golchancë fir déi Schwaarz-Giel sollt den Ausgläich net méi geléngen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerWolz - Déifferdeng 0:4

0:1 Varela (54'), 0:2 Abreu (67'), 0:3 Bedouret (73'), 0:4 Silva (79')

Nidderkuer - Péiteng 0:1

0:1 Ali (28')

D'Tabell