Um zweetleschte Spilldag huet Bochum géint Mainz verluer a Kiel war Freiburg ënnerleeën. Mainz dreemt weider vun Europa, Freiburg huet den Ticket sécher.

De VfL Bochum steet no der 1:4-Néierlag géint Mainz als Ofsteiger fest a muss no véier Joer Bundesliga nees eng Etage méi déif. Den Drock war fir Bochum wuel ze grouss, well si hu sech vun Ufank u schwéier gedoen, géint d'Gäscht vu Mainz zu Chancen ze kommen. Si hätte souguer éischter wéi an der 45. Minutt a Réckstand gerode kënnen. Den Amiri huet engem Fräistouss fir d'Mainzer Féierung gesuergt. Nom Säitewiessel war de Gäscht séier den zweete Gol gelongen, dee Bochum an e Schockzoustand versat huet. Mam drëtte Gol 20 Minutte méi spéit war de Match gelaf. Bochum konnt nach verkierzen, mee dat huet um Ofstig näischt méi geännert.

Och fir d'KSV Holstein geet et no just engem Joer Bundesliga-Aventure zeréck an d'Zweet Liga. Kiel verléiert säin Heemmatch 1:2 géint Freiburg. D'Holsteiner ware gutt an de Match komm an hat eng Hellewull u Chancen, mee déi éischt souz eréischt no 24 Minutten. D'Gäscht vu Freiburg hu sech awer net verstoppt a koumen nom Réckstand och zu gudde Chancen. Virun der Paus konnt de Sportclub no Iwwerpréiwung duerch de VAR ausgläichen. Freiburg konnt an der 58. Minutt de Match dréinen. Kiel huet bis zum Schluss alles versicht, mee et sollt keen Happyend ginn. Freiburg spillt no dëser Victoire d'nächst Saison sécher an der Europa League, ka souguer nach op en Ticket fir d'Champions League hoffen.

Dass Kiel sécher ofgestigen ass, läit och un der klorer Victoire vun Heidenheim bei Union Berlin. D'Ekipp vum Trainer Frank Schmidt gewënnt 3:0 an der Haaptstad a spréngt domat op d'Relegatiounsplaz. Schonn an der 12. Minutt konnten d'Gäscht markéieren an hunn an der zweeter Hallschent nach zwee Goler dropgesat. Fir Berlin ass et déi éischt Néierlag no 8 Matcher.

Tëscht Bremen a Leipzig si keng Goler gefall, wat sech positiv fir Mainz auswierkt. Leipzig ass punktgläich mat Mainz, huet awer dat méi schlecht Golverhältnis. Bremen misst um leschte Spilldag eng Goldifferenz vun 12 Goler op Mainz ophuelen a Mainz misst verléieren, fir dass Bremen nach international spillt.

An der Spëtzepartie huet den FC Bayern München2:0 géint Borussia Mönchengladbach gewonnen. Den neien däitsche Meeschter hat de Match gréisstendeels am Grëff, hat an der éischter Hallschent awer Krämpes, fir zu senge Golchancen ze kommen. Et huet e Wäitschoss vum Olisé, dee vum Kane mam Kapp ofgefälscht gouf, gebraucht, fir den éischte Gol ze schéissen. Gladbach huet sech an der Paus eng Kéier gerëselt a koum staark aus de Kabinnen. Bis an d'Schlussphas eran hätt et 1:1 oder 2:0 fir Bayern stoe kënnen. Den zweete Gol huet den Olisé an der 90. Minutt selwer besuergt an den Deckel dropgemaach.

An der 2. Bundesliga muss sech Köln nach gedëllegen, bis si den Opstig definitiv feiere kënnen. Den Effzeh huet 3 Punkte Virsprong op Paderborn an Elversberg, déi punktgläich op der Relegatiounsplaz stinn. Den HSV steet no der 6:1-Victoire géint Ulm als éischten Opsteiger fest. Domat sinn d'Hamburger no siwe Joer an der Zweeter Liga nees éischtklasseg. Ulm par conter ass mat dëser Néierlag ofgestigen.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell