An der moldawescher Haaptstad hunn d'FLT-Spillerinnen hire Géignerinnen aus Island keng Chance gelooss.

Am Tennis huet d‘Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp den éischte Match vum Billie Jean King Cup am Europa Grupp 3 mat 3:0 géint Island gewonnen. Zu Chisinau gouf et e Méindeg am Eenzel eng kloer 2:0-Victoire (6:0, 6:1) fir d'Lucie Rabiot géint d'Anna Soffia Gronholm, an e weideren 2:0-Succès (6:0, 6:2) fir d'Eleonora Molinaro géint d'Bryndis Rosa. Am Dubbel konnte sech dann d'Lucie Rabiot zesumme mat der Laura Palumbo mat 6:2 a 6:1 géint den Duo Gronholm/Risa duerchsetzen.

En Dënschdeg geet et weider géint Montenegro an e Mëttwoch géint Finnland.