Chris Rodesch qualifizéiert sech fir den Haapttableau

© RAUL ARBOLEDA / AFP
D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet sech en Donneschdeg géint den Ungar Marton Fucsovics a 4 Sätz 6:3, 6:4, 0:6, 7:6 duerchgesat.
Nom Gilles Muller am Joer 2018 an dem Mandy Minella 2019 ass nees ee Lëtzebuerger am Haapttableau zu Wimbledon mat dobäi.
De Chris Rodesch huet en Donneschdeg am drëtten Tour vun der Qualifikatioun den Ungar Marton Fucsovics eliminéiert an huet sech domadder fir déi éischte Kéier fir den Haapttableau vun engem Grand-Slam-Tournoi qualifizéiert. De Fucsovics stoung 2021 zu Wimbledon schonn eemol an der Véierelsfinall an hat 2019 mat der 31. Plaz an der Weltranglëscht seng bescht Placéierung erreecht. An der Qualifikatioun war den Ungar op 1 gesat.
D'Lëtzebuerger Nummer 1 konnt déi éischt zwee Sätz fir sech entscheeden. Duerno huet de Marton Fucsovics sech awer zeréckkaaft. D'Entscheedung ass dunn am 4. Saz am Tiebreak gefall. De Chris Rodesch hat du mat 7:4 de längeren Otem.
Wie säi Géigner am éischten Tour vum Haapttableau ass, gëtt e Freideg ausgeloust.