Dusko Bilanovic neien HBD-Trainer

© HBD
De Veräin aus der Forge du Sud huet en Donneschdegowend säin neien Trainer bekannt ginn. Ufank Juni hat ee sech vum Martin Hummel getrennt.
Et ass e weideren Deel vum Pesel am laangfristege Plang vum HB Diddeleng: e Coach mat laangjäreger Erfarung, dee mat jonken Talenter zesummegeschafft huet a gutt Verbindungen zu grousse Clibb am Ausland huet, fir seng Härenekipp an de Veräin ze gewannen. Den Dusko Bilanovic bréngt all dës Attributer mat.
De 54-järege Serb iwwerhëlt d’Successioun vum Martin Hummel. De Bilanovic ass keen Onbekannten op der Trainerbänk. Zu sengen zwou leschten Trainerstatiounen hunn d’däitsch Veräiner HSG Krefeld (2017-2019, 3. Liga) an TSV Bayer Dormagen (2019-2022, 2. Bundesliga) gehéiert – Dormagen ass den Ex-Veräi vum Lëtzebuerger Nationalspiller Luke Kaysen. Ausserdeem huet hie viru sengen Trainerstatioune mam fréieren däitschen Nationalspiller Klaus-Dieter Petersen d’däitsch U19-Nationalekipp betreit.
Den Dusko Bilanovic huet nieft der serbescher och déi däitsch Nationalitéit an huet als aktive Spiller ënner anerem fir d’SG Wallau-Massenheim gespillt. Den Ex-Nationalspiller vu Jugoslawien wäert net nëmmen d’Häre vum HBD trainéieren, mee och fir d’Koordinatioun an d’Struktur am Jugendberäich responsabel sinn, wéi d’Fiiss op hirer Homepage matgedeelt hunn.
D’Spillermaterial vum HBD mat ville jonken an talentéierten Acteuren, gemëscht mat erfuerene Leit, entsprécht den Ekippen, déi de Bilanovic bis elo trainéiert huet a mat deenen hien och Erfolleger gefeiert huet.
Mat de getätegten Transferten an engem Trainer vun dëser Klass ass den HBD spéitstens zënter elo grousse Favorit op den éischte Meeschtertitel zënter 2015.