De Martin Hummel ass net méi Trainer vum Handball Diddeleng. Dat huet de Veräin offiziell matgedeelt.

No zwou Saisonen op der Trainerbänk beim HBD hätten de Veräin an den Trainer aner Usiichte iwwer d‘Entwécklung an d'Zesummesetzung vun der Ekipp. Et wier een am géigesäitegem Averständnis auserneegaangen.

Wien de Posten um Trainerstull zu Diddeleng wäert iwwerhuelen, dat wëll de Veräin an den nächsten Deeg bekannt ginn.