Modus vum Dammechampionnat gëtt adaptéiert

© Serge Olmo / RTL
Op Propos vum HB Museldall kënnt et fir d’Handball-Saison 2025/26 nach emol zu enger Upassung vum Modus.
Fir d’Saison 2024/25 hat d’Lëtzebuerger Handball-Federatioun de Spillmodus reforméiert. Amplaz vum gängege System vun der regulärer Saison mat 14 Spilldeeg an uschléissend engem Playoff mat 10 Spilldeeg gouf d’lescht Saison vum Februar un eng Placéierungsronn mat 4 Ekippe gespillt, fir duerno de Champion am "Best-of-Three"-Modus ze ermëttelen.
Doduerch wollt een d’Spannung bis zum leschte Spilldag oprechterhalen, well de Champion an de viregte Saisonen dacks fréi feststoung an domat d’Loft eraus war. Ausserdeem war d’Intentioun, d’Qualitéit vun de Matcher ze steigeren.
Dësen neie Modus hat als Konsequenz, dass d’Ekipp, déi d’Saison dominéiert huet, den HB Diddeleng, um Enn net d’Championstrophée an d’Luucht stemme konnt, mee den HB Käerjeng, deen no enger komplizéierter Saison, wéi d’Jenny Zuk am RTL-Sportpodcast "Drëtt Hallschent" verroden huet, an der Finall zweemol déi besser Dagesform hat.
Et gouf awer Kritik un dësem Modus. Dofir hat den HB Museldall eng eege Propos agereecht, déi op der Generalversammlung vun der FLH Enn Juni vun de Veräiner ugeholl gouf.
An der Saison 2025/26 gëtt d'Dammechampionnat op 6 Ekippe reduzéiert – dat war schonn op der Assemblée Générale 2024 festgehale ginn. Käerjeng, Diddeleng, Déifferdeng, Esch, Museldall a Standard spillen an der Axa League, Dikrech a Réiden mussen doduerch an der Promotioun untrieden.
D'Championnat gëtt an dräi Phasen agedeelt: eng Haaptronn, e Playoff respektiv e Playdown an ofschléissend Véierelsfinall, Halleffinall a Finall.
No der Haaptronn mat 10 Spilldeeg spillen déi véier éischt Ekippen e Playoff an huelen hir Punkten aus der Haaptronn mat. Déi zwou bescht Ekippe sinn direkt fir d‘Halleffinalle qualifizéiert. Déi aner zwou Ekippe spillen eng Véierelsfinall géint déi zwou bescht Ekippen aus dem Playdown. Am Playdown ginn och d’Ofsteiger respektiv d’Opsteiger ermëttelt. Sougesi kéint eng Ekipp aus der Promotioun theoreetesch Lëtzebuerger Champion ginn, wéi d'FLH op Nofro confirméiert huet.
D’Véierelsfinallen, d’Halleffinallen an d’Finall ginn dann nom Virbild aus dem Basket an dem Volleyball am "Best-of-Three"-Modus gespillt. Hei huet ëmmer déi besser klasséiert Ekipp fir d’éischt Heemrecht, am zweete Match gëtt gewiesselt. An engem eventuellen drëtte Match géif déi besser klasséiert Ekipp nees doheem untrieden.
Et ginn och weiderhi Placéierungsmatcher fir d’Plazen 3 bis 6 gespillt, awer just an engem eenzege Match. An dësem Modus ass och nei, dass an der Promotioun e Champion ermëttelt gëtt. Dee kéint kuriéiserweis och ursprénglech aus der Axa League kommen.
D’Lëtzebuerger Dammechampionnat ass net dat eenzegt, wou esou eng Ännerung vun engem normale Championnat op e Playoff-Modus duerchgefouert gouf. Och d’däitsch Handball-Bundesliga vun den Dammen huet an de leschte Joren e Prozess duerchlaf, wou d’Ekippenunzuel reduzéiert an op e Playoff-Modus ëmgestallt gouf. D'franséischt Championnat, eng vun de stäerkste Ligen am Dammenhandball, ass par contre den anere Wee gaangen: vun engem Playoff zeréck bei den normale Modus mat 26 Spilldeeg.