Optakt vun der neier Saison um INS

© rtl.lu
Fir den Ufank vun der neier Saison ze promouvéieren, léisst d'FLBB déi éischt dräi Partië vum Championnat um INS ausdroen.
De Sonndeg 21. September wäert déi nei Saison am Lëtzebuerger Basket-Championnat ufänken. Dobäi wäerten d'Dammen de ganzen éischte Spilldag um Cents am INS spillen. Den T71 trëfft dobäi op d'Sparta, Steesel kritt et mat Contern ze dinn an d'Musel Pikes spille géint Wolz.
An der éischter Liga vun den Damme spille wéinst dem Réckzuch vum Champion Gréngewald dës Saison nëmme siwen Equippen. Dowéinst hätt de Basket Esch am Prinzip spillfräi, mä déi Escher Damme wäerten trotzdeem spillen, an engem Frëndschaftsmatch treffe si op d'Saarlouis Royals. Beim däitsche Coupe-Gewënner a Vizechampion steet d'Lëtzebuergerin Magaly Meynadier ënner Kontrakt.
All Informatiounen iwwert de nationale Basket stinn op luxembourg.basketball.