Et ass eng Nouvelle, déi een net onbedéngt komme gesinn huet. De BBC Gréngewald wäert säi Championstitel bei den Dammen net verdeedegen.

De Veräin huet nämlech decidéiert, sech aus der Enovos League zeréckzezéien. Dëst huet den amtéierende Champion a Coupe-Gewënner en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt.

De Gréngewald spillt an der Saison 2025/26 an der Nationale 2. An de leschten dräi Joer konnt sech Hueschtert de Championstitel an der héchster Liga am Basket sécheren. Donieft huet den aktuellen Doublé-Gewënner bis zur Saison 2023/24 mam Eurocup un enger internationaler Kompetitioun deelgeholl.

Elo huet de Club iwwerraschend entscheet, dass d'Ekipp op seng Plaz an der Enovos League verzicht an dofir an der Nationale 2 wäert spillen. Als Grond nennt de Veräin, datt een eng Partie Spillerinne verluer hätt, dat well der puer opgehalen hunn, anerer sech op d'Schoul konzentréieren an nach anerer perséinlech Decisioune geholl hunn.

Dowéinst kéinten an der Saison 2025/26 wuel nëmmen nach 7 amplaz 8 Ekippen an dëser Liga untrieden.

De Gréngewald wëll sech elo nees méi intensiv op d'Jugendaarbecht konzentréieren.

De Gréngewald ass net déi éischt Dammenekipp, déi sech an de leschte Joren zeréckgezunn huet aus der ieweschter Divisioun. Virun zwee Joer war et d'Résidence Walfer an d'lescht Joer d'Ettelbrécker Etzella.