De Vincent Kompany huet säi Kontrakt beim FC Bayern München fréizäiteg ëm zwee Joer bis 2029 verlängert.

Dat huet den däitsche Rekordchampion en Dënschdeg matgedeelt. Aktuell ass et dem Kompany seng zweet Saison als Bayern-Trainer. A senger éischter Saison ass hie mat de Bayern Champion ginn an huet och de Supercup gewonnen.