
Rëmeleng kritt et mam Noper Jeunesse ze dinn, Hueschtert spillt géint de Racing, den FF Norden aus der éischter Divisioun kritt Besuch vun der UNA Stroossen, Schëffleng trëtt géint Munneref un, Steesel muss sech mam Progrès Nidderkuer moossen, an den Duell tëscht deenen zwee Veräiner aus der Éierepromotioun heescht Weiler-la-Tour géint d’Jeunesse Kanech.
D’Matcher si fir mëttwochs den 3. Abrëll programméiert.