
E Mëttwoch den Owend stoung an Italien den éischte Retourmatch an der Halleffinall vun der Coppa Italia um Programm. Am Mailänner Derby konnt sech den AC mat 2:0 géint Inter duerchsetzen an domadder den Ticket fir d’Finall léisen.
Och am italieenesche Championnat gouf gespillt. Hei huet Juventus duerch eng 0:1-Néierlag géint Parma seng Champions-League-Plaz u Bologna verluer a steet elo punktgläich mat Lazio Roum op der 5. Plaz. D’Réimer konnte sech zu Genua mat enger 2:0-Victoire dräi wichteg Punkten am Kampf ëm Europa sécheren.
An der Premier League ass d’Decisioun ëm de Championstitel dann duerch en 2:2-Remis vun Arsenal géint Palace nach net gefall. Mat op mannst engem Punkt géint Tottenham kéint Liverpool sech e Mëttwoch awer selwer fréizäiteg zum neien englesche Champion kréine loossen.
Arsenal - Palace 2:2
1:0 Kiwior (3'), 1:1 Eze (27'), 2:1 Trossard (42'), 2:2 Mateta (83')
Arsenal huet d’Decisioun ëm den neien englesche Champion op mannst fir e zwee weider Deeg verhënnert. E Mëttwoch den Owend konnte sech d’Gunners mat 2:1 géint Palace duerchsetzen a bleiwe fir de Moment nach theoretesch a Räichwäit vum Tabelleleader Liverpool. No nëmmen dräi MInutte huet de Jakub Kiwior fir d'1:0-Féierung gesuergt, déi Palace gutt 20 Minutte méi spéit am Numm vum Eze egaliséiere konnt. Kuerz virun der Paus war et dann de Leandro Trossard, deen d’Gunners mat enger liicht glécklecher Féierung an d’Vestiairë geschéckt huet. No der Paus war Arsenal zwar weider gutt am Match, ma d’Gäscht hunn de Kapp net hänke gelooss a krute sech e puer Minutte viru Schluss dann och mam Ausgläich belount.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - AC Mailand 0:3
0:1 Jovic (36'), 0:2 Jovic (49'), 0:3 Reijnders (85')
D’Ufanksphas am Giuseppe Meazza Stadion huet der Ekipp vun Inter gehéiert. Si konnte sech eng Rei gutt Chancen erausspillen, ma trotzdeem sollt den éischte Gol vum Match op där anerer Säit falen. Wéi aus dem Näischt war et dem Luka Jovic no 36 Minutte gelongen, duerch ee Kappball op 1:0 ze stellen. Och no der Paus huet sech den AC weider méi effektiv gewisen, sou dass et no engem weidere Gol vum Luka Jovic an der 49. Minutt 2:0 stoung. Inter war zwar weider relativ gutt am Match, ma op dësem Owend sollt et der Ekipp net geléngen eng Reaktioun a Form vun engem Gol ze weisen. Duerch een drëtte Gol huet AC kuerz viru Schluss den Deckel drop gemaach a steet domadder als éischt Ekipp an der Finall vun der Coppa Italia. De Géigner gëtt en Donneschdeg am Duell tëscht Bologna an Empoli decidéiert.
Cagliari - Fiorentina 1:2
1:0 Piccoli (7'), 1:1 Gosens (36'), 1:2 Beltran (48')
Genua - Lazio Roum 0:2
0:1 Castellanos (32'), 0:2 Dia (65')
Parma - Juventus 1:0
1:0 Pellegrino (45+1')