
Fir den Alexis Kreps wier Hiefenech net “just en Numm op der Kaart”, mä “do, wou alles ugefaangen huet”, schreift de BBC US Heffingen op hirer Facebook-Säit.
Als professionelle Basketspiller huet hien nämlech vun 1998 bis 2000 am Hiefenecher Trikot gespillt. Elo kënnt den Alexis Kreps zréck, fir eng “nei Experienz, frësch Perspektiv, an déi selwecht Passioun, déi hie fréier ugedriwwen huet”.