Rugby-WeltmeeschterschaftAll Blacks huelen Irland auserneen

RTL Lëtzebuerg
Den Titelverdeedeger Neiséiland steet no enger souveräner 46:14-Victoire géint Irland bei der Rugby-WM a Japan an der Halleffinall.
© AFP

E Samschdeg stoungen déi éischt zwou Véierelsfinalle vun der Rugby-Weltmeeschterschaft a Japan um Programm. Den Titelverdeedeger Neiséiland a England konnte sech hei als éischt Ekipp fir d’Halleffinalle qualifizéieren an treffen de 26. Oktober openeen, wou et dann ëm den Ticket fir d’Finall geet.

Neiséiland huet e Samschdeg de Mëtteg Irland keng Chance gelooss a sech souverän mat 46:14 (22:0) behaapt. Fir Irland ass et déi 7. Kéier, datt een an de Véierelsfinalle bei der Rugby-WM eliminéiert ginn ass. Ganz anescht gesäit et beim Titelverdeedeger aus. D’All Blacks sinn zanter 18. WM-Matcher ongeschloen.

England hat sech scho virdrun den Ticket fir d’Ronn vun de beschte 4 Ekippe geséchert. Mat enger souveräner Leeschtung huet ee sech mat 40:16 (17:9) géint Australien duerchgesat.

E Sonndeg sinn déi aner zwou Véierelsfinallen. Um 9.15 Auer spillt Wales géint Frankräich an um 12.15 Auer ass et d’Partie Japan géint Südafrika.

Back to Top
CIM LOGO