
“Et war e geniaalt Erliefnis”
Dräi Woche laang war de Christian Gutenkauf zu Paräis bei den Olympesche Spiller dobäi. Als Chauffer huet de Lëtzebuerger Sportler, Offizieller oder souguer Politiker vun engem Site op deen anere gefouert. “Dat konnt de Village olympique sinn, de Stade de France, Versailles oder e Fluchhafen.”
Am Mäerz 2023 hat hie seng Kandidatur gestallt. Online huet et gegollt, e Froebou auszefëllen an eng Lettre de motivation matzeschécken.
D’Konditiounen, fir ugeholl ze ginn, ware wéinstens 18 Joer al ze sinn, Englesch oder Franséisch schwätzen ze kënnen a wärend 10 Deeg disponibel ze sinn. 6 Méint méi spéit, also am Hierscht 2023, koum d’Äntwert. De Christian Gutenkauf war ugeholl.
“Ech kommen aus enger sportbegeeschterter Famill. Mäi Papp huet Liichtathletik gemaach an d’Spiller zu London 2012 hu mech faszinéiert. Bei esou enger Manifestatioun wollt ech mol eng Kéier dobäi sinn”. Sou erzielt de Christian Gutenkauf seng Grënn, fir zu Paräis als Benevollen matzehëllefen.
Moies gouf et no enger Taass Kaffi e Briefing vun 10 Minutten. Duerno huet de Christian säin Autosschlëssel kritt an en Handy. Hei war eng Applikatioun drop, op där drastoung, wat dem Christian Gutenkauf seng Missioun fir deen Dag war.
“All Dag huet een aner Leit transportéiert”, esou de Lëtzebuerger am Interview. Afloss, wien dat war, haten d’Benevollen net. Um Wee vun A op B gouf sech dann och am Auto ënnerhalen. Déi mannst hu Lëtzebuerg kannt, esou de Christian Gutenkauf. “Wou läit dat?” Dës Fro huet hien dacks gestallt kritt.
De Gros vun de Chauffeure wäre Fransouse gewiescht. Et wären awer och Leit aus den Nopeschlänner, ewéi aus der Belsch oder Däitschland, op den Autoe gefuer. “Awer och aus Südamerika, Irland oder Kanada waren der do”, seet de Volontaire aus Lëtzebuerg. “Et gouf ëmmer e flotten Austausch tëscht eis”.
Flott war den Austausch mat den Athleeten. “Ech hat eng Kéier e Sportler, deen d’100 Meter an der Qualifikatioun samschdes gelaf ass. Dee konnt ech bei säi Sponsor begleeden, fir seng néi Lafschlappen ze kréien”. De Coach souz mat am Auto an de Christian konnt déi zwee de ganzen Dag begleeden.
Och Ministeren aus Tansania konnt de Volontaire vun den Olympesche Summerspiller zu Paräis mam Auto féieren. “Et wousst een am virauser ni, wat op ee géif duerkommen”, erënnert sech de Christian Gutenkauf. “Et war flott, een Deel vun enger grousser Ekipp ze sinn. D’Leit am Auto hunn eis Merci gesot.”
Spannend war et eng Woch virum Optakt vun de Spiller. Do konnt de Lëtzebuerger wärend engem Judotraining nokucken.
Tickete, fir déi eenzel Kompetitioune kucken ze goen, hunn d’Benevolle keng kritt. “Dat huet ee sech misse selwer organiséieren,” esou de Christian am RTL-Interview. 5 Epreuven ass hie selwer kucke gaangen.
8 Stonnen den Dag huet de Christian Gutenkauf zu Paräis op den Olympesche Spiller geschafft. “Déi lescht Deeg huet een d’Middegkeet gespuert. Et war keng Vakanz,” erënnert sech de Lëtzebuerger am Gespréich. Samschdegowes war hien nach de “Marathon pour tous” kucken. “Flott waren och déi méi kleng Public-viewingen, déi net um Trocadero oder La Villette waren”. D’Faszinatioun fir d’Spiller wär bei de Fransouse grouss gewiescht. Si hätten d’Athleete gutt ugefeiert. E Sonndegowend goung et dunn nees op Lëtzebuerg.
350.000 Leit hate sech als Benevoller gemellt. Um Enn goufen der 45.000 zréckbehalen, dat fir d’Olympesch an d’Paralympesch Spiller zu Paräis.
Déi nächst Olympesch Summerspiller sinn 2028 zu Los Angeles, dat vum 14. bis 30. Juli.
Wärend den Olympesche Spiller waren och eng Rei aner Lëtzebuerger als Volontaire zu Paräis am Asaz.