
An der Erëffnungspartie um 14. Juni trëfft Däitschland deemno op Schottland. Och Ungarn an d’Schwäiz si bei Däitschland am Grupp A.
Am Fall vun enger Qualifikatioun géif Lëtzebuerg iwwerdeems am Grupp F nees op Portugal treffen. Donieft sinn Tschechien an d’Tierkei an dësem Grupp. D’FLF-Formatioun géif hiren éischte Match den 18. Juni zu Dortmund géint d’Tierkei spillen. Déi zweet Partie wier den 22. Juni géint d’Tschechen, éier et um 26. Juni zu Gelsenkirchen géint Portugal géif goen.
An enger éischter Reaktioun sot eis den FLF-Trainer Luc Holtz, dass hie geduecht huet: “Schonn erëm Portugal, géint d’Tierke wier et sécherlech méiglech Punkten ze huelen, an och op engem gudden Dag wier eppes géint d’Tschechesch Republik ze maachen.” De Luc Holtz huet weider gemengt, dass et eng formidabel Geschicht wier, virun allem nodeems hien och héieren huet, a wéi enge Stadien d’Matcher wieren. Besonnesch fir d’FLF-Spiller géif et natierlech eng sensationell Erfarung ginn, esou de Lëtzebuerger Nationaltrainer weider am RTL-Interview.
Eng besonnesch schwéier Grupp ass iwwerdeems de Grupp B, an deem Spuenien, Kroatien, Italien an Albanien openeen treffen. Et kënnt domat zur Neioplag vun enger Halleffinall vun der EM 2020.
Am Grupp C kënnt et iwwerdeems zur Neioplag vun der anerer Halleffinall vun der EM 2020, well England et nees mat Dänemark ze di kritt.
Grupp A:
Däitschland
Schottland
Ungarn
Schwäiz
Grupp B:
Spuenien
Kroatien
Italien
Albanien
Grupp C:
Slowenien
Dänemark
Serbien
England
Grupp D:
Play-Off A
Holland
Éisträich
Frankräich
Grupp E:
Belsch
Slowakei
Rumänien
Play-Off B
Grupp F:
Tierkei
Play-Off C
Portugal
Tschechien
Et ass déi 17. Editioun vun der Europameeschterschaft, déi 2024 an Däitschland vum 14. Juni bis zum 14. Juli ausgedroe wäert ginn. Gespillt gëtt an deene gréisste Stadien zu Berlin, München, Dortmund, Stuttgart, Hamburg, Gelsenkirchen, Frankfurt, Leipzig, Köln, Düsseldorf.