
D’Fakten sinn déi hei. Dem Nationaltrainer Luc Holtz säi Kontrakt leeft Enn des Joers aus. Bis dato goufen et nach keng konkret Gespréicher mam FLF-President Paul Philipp iwwert eng méiglech Verlängerung. Déi Braunschweiger Zeitung spekuléiert elo iwwert e méiglecht Engagement beim Tabelle-Leschten aus der zweeter Bundesliga. “Et freet e sech ëmmer, wann esou Traditiounsveräiner un een denken. De Moment ass et awer sou, datt ech mat kengem Responsabele vun Eintracht Braunschweig geschwat hunn. Ech sinn elo komplett an der Preparatioun op déi zwee EM-Qualifikatiounsmatcher géint Bosnien-Herzegowina a Liechtenstein. Dorop si meng Gedanken och voll drop fokusséiert. Ech verstoppen awer net, datt ech mir keng Gedanke maachen, well de Kontrakt bei der FLF nach net verlängert gouf. Dat maachen ech awer net zanter gëschter, mee zanter Wochen, mee awer och wat ech wëll a wou ech hi wëll. Dat perturbéiert mech awer op kee Fall a menger Aarbecht.”
Bei der Futtballfederatioun gesäit d’Situatioun esou aus. Geplangt ass, datt ee sech no der EM-Qualifikatioun beieneen setzt, fir ee Bilan ze zéien. Dozou den FLF-President Paul Philipp:
“Mir hunn elo nach zwee ganz wichteg Lännermatcher op déi de Fokus muss geriicht ginn. Wann déi zwee Matcher eriwwer sinn, da si mer Mëtt November. Dann hu mir mindestens 6 Wochen Zäit, fir een uerdentlechen a korrekte Bilan ouni Emotiounen ze zéien, fir dann och déi néideg Gespréicher ze féieren an déi néideg Decisiounen ze huelen. Mir maachen jo net ee Bilan mat oder iwwert eng Persoun, wou mir schonn am Viraus géinge mengen, mir wéilten net mat him verlängeren.”