Parisotto/HeelAm Handball huet Schëffleng en neien Trainer-Duo

RTL Lëtzebuerg
De Maurizio Parisotto an den Otto Heel trainéieren d'Härenekipp am Interim bis zum Schluss vun der Saison.

Dat huet de Club e Freideg matgedeelt, nom Récktrëtt vum Ricky Bentz am Dezember.

Am Championnat sinn um Samschdeg 2 Matcher vum 5. Spilldag, Réiden géint de Standard aus der Stad a Rëmeleng géint Museldall.

Back to Top
CIM LOGO