Olympesch Wanterspiller - BiathlonAm Massestart bei den Damme geet d'Victoire u Frankräich

RTL Lëtzebuerg
Op den Olympesche Wanterspiller zu Peking huet sech am Biathlon iwwerraschend d’Justine Braisaz-Bouchet aus Frankräich Gold am Massestart geséchert.

Sëlwer a Bronze sinn un déi zwou Norwegerinnen Tiril Eckhoff a Marte Olsbu Roiseland gaangen.

Eigentlech sollt déi Course eréischt e Samschdeg gefuer ginn, war awer wéinst der Warnung virun extrem äisegen Temperaturen op e Freideg no vir verluecht ginn.

Déi erfollegräichst Biathletin war dës Kéier d’Marte Olsbu Roiseland mat dräi Olympiavictoiren an zweemol Bronze. A sechs Courssen ass d’Norwegerin nëmmen eng Kéier eidel ausgaangen. Esou vill Medailen hat bis ewell nach ni eng Biathletin gewonnen.

Bei den Hären heescht am Massestart den Olympiagewënner Johannes Thingnes Bö. Hannert dem Norweger hu sech de Schwed Martin Ponsiluoma an den Norweger Vetle Sjåstad Christiansen déi weider Medaile geséchert.

Back to Top
CIM LOGO