
Mat 16 Mol Gold, 8 Mol Sëlwer an 13 Mol Bronze kann Norwegen sech bei den Olympesche Wanterspiller 2022 d’Victoire an der Natiounewäertung sécheren.
An der Vergaangenheet war et bis ewell kenger Natioun gelongen, fir sech esou vill Goldmedailen ze sécheren. Norwegen huet mat hire 16 Stéck deemno een neie Rekord opgestallt. Plaz 2 geet un Däitschland mat 12 Mol Gold, 10 Mol Sëlwer a Mol Bronze. Plaz 3 ass fir China mat 9 Mol Gold, 4 Mol Sëlwer an 2 Mol Bronze.
Lëtzebuerg war zu Peking op de 24. Olympesche Wanterspiller mat 2 Sportler vertrueden. Am Schi Alpin waren d’Gwyneth ten Raa an de Matthieu Osch am Riseslalom an am Slalom um Depart. Um Enn steet eng gutt 28. Plaz vum Osch am Riseslalom. Bei den aneren 3 Departe sinn d’Lëtzebuerger jeeweils fréizäiteg ausgefall.
Datt Lëtzebuerg keng Wantersportnatioun ass, dat ass gewosst. Fir de Chef de Mission zu Peking, den Heinz Thews, ass et awer wichteg, datt Lëtzebuerg och an Zukunft ëmmer nees bei de Wanterspiller mat dobäi ass. An och esou genannten Exoten hunn op deene Wanterspiller fir hien hir Plaz verdéngt.
“Am Alpine Schi hate mir Philippinner an Thailänner mat dobäi an esou weider. Do geet een net dovunner aus, datt dat Wantesportlänner sinn. Mee déi Athlete ginn nach vill méi wéi eis dëse schwéiere Wee, fir am Wantersport Fouss ze faassen. Et ass och ganz kloer eng Politik vum IOC, dat nach méi ze erweideren.”
Wuel iwwer keng Olympesch Spiller gouf am Virfeld an och wärend deene leschten 2 Wochen esou vill diskutéiert wéi iwwer déi zu Peking. Déi Diskussioune sinn natierlech och bei der Lëtzebuerger Delegatioun ukomm. Onofhängeg dovunner schwätzt den Heinz Thews den Organisateuren eng ganz gutt Zensur aus.
“Meng perséinlech Meenung ass, datt den Organisateur ouni déi politesch an Ëmweltdiskussiounen a.s.w. fir d’Sportler een top Job gemaach. Si haten alleguerte super Konditiounen, fir hir Leeschtung ze bréngen. Dat muss ee ganz kloer soen. Dat ass dat, wat den IOC och wollt hunn. Datt een engersäits fir déi Sportler, déi sech qualifizéiert hunn, gutt Konditioune geschaaft huet an anersäits d’Sécherheet konnt assuréieren.”
RTL-Artikel: Lëtzebuerger Bilan Olympesch Wanterspiller: Heinz Thews fënnt et richteg, datt Lëtzebuerger Sportler mat dobäi sinn Déi nächst Olympesch Wanterspiller si vum 6. bis den 22. Februar 2026 zu Mailand an zu Cortina d’Ampezzo an Italien.
Schonn a knapp zwou Woche fänken zu Peking d’Paralympics un. Dës dauere vum 4. bis den 13. Mäerz.
| Plaz | Natioun | Gold | Sëlwer | Bronze | Gesamt |
| 1 | Norwegen | 16 | 8 | 13 | 37 |
| 2 | Däitschland | 12 | 10 | 5 | 27 |
| 3 | Volleksrepublik China | 9 | 4 | 2 | 15 |
| 4 | USA | 8 | 10 | 7 | 25 |
| 5 | Schweden | 8 | 5 | 5 | 18 |
| 6 | Holland | 8 | 5 | 4 | 17 |
| 7 | Éisträich | 7 | 7 | 4 | 18 |
| 8 | Schwäiz | 7 | 2 | 5 | 14 |
| 9 | ROC | 6 | 12 | 14 | 32 |
| 10 | Frankräich | 5 | 7 | 2 | 14 |
| 11 | Kanada | 4 | 8 | 14 | 26 |
| 12 | Japan | 3 | 6 | 9 | 18 |
| 13 | Italien | 2 | 7 | 8 | 17 |
| 14 | Republik Korea | 2 | 5 | 2 | 9 |
| 15 | Slowenien | 2 | 3 | 2 | 7 |
| 16 | Finnland | 2 | 2 | 4 | 8 |
| 17 | Neiséiland | 2 | 1 | 0 | 3 |
| 18 | Australien | 1 | 2 | 1 | 4 |
| 19 | Groussbritannien | 1 | 1 | 0 | 2 |
| 20 | Ungarn | 1 | 0 | 2 | 3 |
| 21 | Belsch | 1 | 0 | 1 | 2 |
| 21 | Tschechesch Republik | 1 | 0 | 1 | 2 |
| 21 | Slowakei | 1 | 0 | 1 | 2 |
| 24 | Belarus | 0 | 2 | 0 | 2 |
| 25 | Spuenien | 0 | 1 | 0 | 1 |
| 25 | Ukrain | 0 | 1 | 0 | 1 |
| 27 | Estland | 0 | 0 | 1 | 1 |
| 27 | Lettland | 0 | 0 | 1 | 1 |
| 27 | Polen | 0 | 0 | 1 | 1 |