Olympesch WanterspillerAm Schi Alpin Mixed-Team-Event ka sech Éisträich d'Goldmedail sécheren

RTL Lëtzebuerg
D'Team aus Éisträich ka sech an der Finale géint Däitschland duerchsetzen. An der klenger Final behaalt sech Norwegen géint d'USA.

D’Gewënnerteam aus Éisträich war zesummegesat aus folgende Sportlerinnen a Sportler:

Katharina Truppe
Katharina Liensberger
Stefan Brennsteiner
Johannes Strolz.

Grouss war sécherlech d’Enttäuschung bei der Amerikanerin Mikaela Shiffrin, fir déi d’Olympesch Wanterspiller zu Peking definitiv net esou gelaf sinn, wéi geplangt. A 6 Disziplinne war si un den Depart gaangen, och am Team-Event, ma um Enn ass a kenger Competitioun eng Medail erausgesprongen.

Back to Top
CIM LOGO