Well de Racing an der 2. Véirelsfinall géint d’Amicale de Sak net konnt zoumaachen, ass et et Samschdeg den Owend an der Hall Alain Marchetti zu der 3. Ausernanersetzung komm. Steesel konnt sech hei mat 80:60 kloer duerchsetzen an trëfft domat den nächste Mëttwoch um 20 Auer am éischten Halleffinall-Match zu Ettelbréck op d’Etzella.
D’Affichë vun den Halleffinalle sinn deemno:
Etzella - Amicale
Basket Esch – T71 Diddeleng
Amicale Steesel - Racing 80:60
Steesel hat an der Woch jo ausgläiche kënnen, dat virun allem ënnert dem Impuls vun engem staarke Bob Melcher, ma och de Jonas Theisen huet eng gutt Entrée de jeu realiséiert a konnt senger Ekipp mat 7 Punkten a 4 Rebonden hëllefen.
Am 1. Quarter war de Match immens ausgeglach, well béid Ekippen der Partie hire Stempel wollten opdrécken. Et goung permanent hin an hier, soudatt no den éischten 10 Minutten ee Score vun 21:21 op der Tafel stoung. Am 2. Véierel huet d’Amicale eng extrem zolidd Defense gespillt, woumat de Stater Racing natierlech vill Problemer hat. Zu der gudder Ofwier vun de Steeseler koum eng immens gutt Trefferquot vum Titelverdeedeger.
Hat de Bob Melcher well an der 1. Véierelsfinall ee gudden Dag erwëscht, esou hat de Guard vun der Amicale och e Samschdeg den Owend eng super Performance op de Parquet bruecht - mat sengen 20 Punkten nom 1. Duerchgang war hien de Go To Guy bei der Heemekipp. Den 2. Véierel ass iwwerdeems mat 22:8 fir d’Amicale op en Enn gaangen.

An der Paus huet de Coach Mirolybov misse kloer Consignen erausginn, fir déi Steeseler ze stoppen, soss wier den Dram vun der Halleffinall séier ausgedreemt - an der Paus stoung et 43:29 fir d’Amicale.
Et waren awer déi Steeseler, déi direkt nom Téi mat engem 5-Punkten-Run an d'2. Hallschecht gestart sinn. D’Cinq-de-base vun der Amicale war einfach ze staark fir de Racing, well och am 3. Véierel ware Melcher, Early Jr. an Henry mat engem 19:9 net ze schloen.
Am leschte Quarter war dunn d’Bier geschielt an d’Amicale huet 1-2 Gäng zeréck geschalt. De Stater Racing huet de leschte Véierel mat 22:18 fir sech entscheet, mä hir Saison ass elo gelaf.
Fir Steesel geet d’Rees awer weider: No dëser iwwerzeegender Performance waart den nächste Mëttwoch mat der Etzella de Coupegewënner op d’Amicale.
Playdown
Hei huet Hiefenech mat 87:80 géint Kontern gewonnen.

Donieft hunn nach d’Kordall Steelers mat 62:85 géint den Telstar Hesper verluer an d’Musel Pikes hu mat 85:89 géint d’Arantia Fiels de Kierze gezunn.
Gréngewald - Musel Pikes 81:75
Fir de Kont vum 8. Spilldag am Titelgrupp sinn d’Damme vun der Musel an de Gréngewald gereest.
Etzella - AB Konter 73:63
E Sonndeg blouf nach eng Partie fir de Kont vum 8. Spilldag am Dammen-Titelgrupp ze spillen. Den AB Konter huet mat engem 10-Punkten-Ecart op der Etzella verluer.
Amicale - T71 Diddeleng 75:56
Schonn e Freideg haten déi Steeseler Dammen et mam T71 ze dinn.
LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket
LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket
LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2