
An de Véierelsfinalle kritt Nidderkuer et mam Coupeverdeedeger FC Déifferdeng 03 ze dinn. D’Jeunesse muss géint Hesper untrieden, Hueschtert aus der Éierepromotioun spillt géint Munneref, a Weiler zum Tuer aus der Éierepromotioun kritt Besuch vun der UNA Stroossen. D’Partië sinn de Mëttwoch 24. Abrëll.
D’Halleffinalle goufen och scho gezunn. De Gewënner vun der Partie Weiler-Stroossen spillt géint de Gewënner vum Match Jeunesse-Hesper. Déi Ekipp, déi sech beim Duell Hueschtert-Munneref duerchsetzt muss géint de Gewënner vum Déifferdenger Derby untrieden.
Dës Matcher sinn den 1. Mee.