
D’Decisioun vum Tabellevirleschten dierft no der 1:5-Defaite géint Borussia Dortmund gefall sinn.
De Breitenreiter ass nom Tayfun Korkut (VfB Stuttgart) an Heiko Herrlich (Bayer Leverkusen) schonn deen drëtten Trainer an dëser Saison, dee sech en neie Veräi siche muss.
E Sonndeg den Owend huet Hannover 96 mam Thomas Doll deen neie Mann op der Trainerbänk virgestallt.
Virdru war ënnert anerem och den Numm vum Jeff Saibene zirkuléiert, dee viru Kuerzem bei Arminia Bielefeld den Trainerstull raume misst. Op Nofro vun RTL.lu huet de Lëtzebuerger Trainer awer gesot, bis op d’mannst dëse Summer eng Paus anzeleeën a keen neie Veräin ze sichen.
