1700 Leefer a Leeferinnen um DepartAndréck an d'Resultater vum Escher Kulturlaf 2024

Tom Hoffmann
E Samschdeg den Owend stoung nees den traditionellen Escher Kulturlaf um Programm.

D’Leeferinnen an d’Leefer konnte sech fir e Semi-Marathon aschreiwen oder iwwer 16, respektiv 10 Kilometer un den Depart goen.

Am Ganzen hate sech ronn 1.700 Leefer ageschriwwen. De Parcours huet wéi gewinnt laanscht kulturell Plaze vun Esch gefouert. Fir gutt Laun a Stëmmung hu sëllege Museksgruppe ronderëm de Parcours gesuergt.

Beschte Lëtzebuerger iwwer d’Semi-Marathon-Distanz war den Abdel Zaghbib (1:17:21). Hien ass den Zweete ginn. Gewonne gouf d’Course vun enger Fra, dem Emilie Jacquot-Claude (1:17:05) aus Frankräich. Bescht Lëtzebuergerin war d’Shefi Xhaferaj (1:10:01) op Plaz 27.

Iwwer 10 Meilen ass den Tim Seuré (1:04:18) als éischte Lëtzebuerger iwwer de wäisse Stréch gelaf. Hien ass den Drëtte ginn. Gewonnen huet de Fransous Matthieu Talpe (57:43). D’Liz Weiler war als Fënneft bescht Damm an och bescht Lëtzebuergerin (1:05:32).

Op den 10 Kilometer war de Christophe Kass (33:34) dee séierste Lëtzebuerger. Hien ass den Zweete ginn hannert dem Fidelio Klein (32:32) aus Frankräich. Éischt Damm a bescht Lëtzebuergerin war d’Jenny Gloden (39:45) als 14..

Resultat - 10 Kilometer

Back to Top
CIM LOGO