Europameeschterschaft am PowerliftingAnkie Timmers séchert sech Europameeschtertitel

RTL Lëtzebuerg
Op der Europameeschterschaft am Powerlifting zu Pilsen an Tschechien gouf et eng weider Medail fir Lëtzebuerg.
© PWFL

Déi nei COSL-Elite-Kader-Athleetin Ankie Timmers huet sech zu Pilsen an Tschechien den Europameeschtertitel an der Kategorie -84 Kilogramm geséchert.

Hie Leeschtung:
Squat: 225 kg
Bench: Press 195 kg mat Goldmedail
Deadlift: 212,5 kg mat Goldmedail
Total: 632,5 kg mat Goldmedail

Si ass donieft nach déi Drëtt ginn an der Kategorie Best Lifter Women Overall.

No hirer schwéierer Blessur ass dëst eng villverspriechend Leeschtung en vue vun de World Games am August zu Chengdu a China.

Back to Top
CIM LOGO