
Brentford-Manchester City 1:3
1:0 Maupay (21'), 1-1 Foden (48'), 1:2 Foden (53'), 1:3 Foden (70')
Well ManCity Problemer mat der enker Defense vu Brentford hat, waren et vun hinnen an der 1. Hallschent ëmmer nees Schëss aus der Distanz. D’Géigesäit huet déi éischt Golchance direkt an den 1:0 konnte verwäerten. Kuerz virun der Paus koum et zum 1:1 no engem Feeler vum Pinnock.
Dat sollt sech awer an der 2. Hallschent änneren. Bei all Goal vum Foden huet Manchester City besser gespillt an d’Partie dominéiert.
Chelsea - Wolverhampton Wanderers 2:4
1:0 Palmer (19'), 1:1 Cunha (22'), 1:2 Disasi (43', Selbstgol), 1:3 Cunha (63'), 1:4 Cunha (82', Eelefmeter), 2:4 Silva (86')
No der klorer Defaite géint Liverpool muss Chelsea sech trotz Féierung och un der Stamford Bridge mat 4 Géigegoler géint d’"Wolves” geschloe ginn. D’Haushären waren zwar dominant an haten déi besser Geleeënheeten, ma d’Gäscht hu sech däitlech méi effektiv gewisen a kënnen sech wéinst engem exzellente Cunha um Enn iwwer déi 3 Punkte freeën. Domat zitt Wolverhampton an der Tabell laanscht Chelsea, déi op Plaz 11 ofrutschen.
Manchester United - West Ham United 3:0
1:0 Hojlund (23'), 2:0 Garnacho (49'), 3:0 Garnacho (84')
Zwar hunn d’Visiteure gutt matgehalen an am éischten Duerchgang souguer méi geféierlech Occasioune kreéiert, ma d’"Red Devils” waren äiskal virum Gol. Och an der Suite huet West Ham op Aenhéicht matgespillt, ma de Garnacho sollt direkt no der Paus erhéijen, éier den Argentinier selwer kuerz viru Schluss den Deckel dropgemaach huet.
Arsenal - Liverpool 3:1
1:0 Saka (14'), 1:1 Gabriel (45+3', Selbstgol), 2:1 Martinelli (67'), 3:1 Trossard (90+1')
Arsenal huet vun Ufank un dominéiert a Liverpool net an de Match komme gelooss. No enger Parad vum Alisson ass de Ball no enger Véierelsstonn beim Saka gelant, deen d’"Gunners” fir eng staark Ufanksphas mat der Féierung beloune konnt. An enger intensiver Partie ass Arsenal weiderhin déi méi geféierlech Formatioun bliwwen, ma virun der Paus huet den Diaz vun enger Onopmierksamkeet an der Londoner Defense profitéiert an de Gabriel ugeschoss, deen de Ball an den eegene Gol deviéiert huet. Am zweeten Duerchgang hunn d’Spectateuren eng méi ausgeglache Partie ze gesi kritt, an där ee fatale Malentendu tëscht dem Alisson an dem van Dijk du fir den 2:1 gesuergt huet. Dem Trossard säi Gol an der Nospillzäit huet fir d’Entscheedung gesuergt, woumat Arsenal op 2 Punkten un den Tabelleleader Liverpool eruréckelt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier LeagueSerie A
Napoli - Hellas Verona 2:1
0:1 Coppola (72'), 1:1 Ngonge (79'), 2:1 Kvaratskhelia (87')
Inter Mailand - Juventus Turin 1:0
1:0 Gatti (37', Selbstgol)
Inter huet een exzellente Start an den “Derby d’Italia” erwëscht an huet d’Turiner praktesch net aus der eegener Hallschent komme gelooss. E puer gutt Occasiounen hunn d’"Nerazzurri” leie gelooss, ier och Juventus geféierlech ginn ass. Ma no 37 Minutten war et de Gatti, deen de Ball an den eegene Gol gelenkt huet an domat fir déi verdéngte Mailänner Féierung gesuergt huet. Am zweeten Duerchgang huet Juventus weider disziplinéiert verdeedegt, ass awer selwer kaum zu offensiven Aktioune komm, wärend d’Lokalekipp eng ganz Rei Chancen op den 2:0 hat. Géint eng kompakt Ekipp vun Inter ass och eng Schlussoffensiv vun de “Bianconeri” ausbliwwen, soudass den Tabelleleader sech mat engem Match manner 4 Punkte vun den Turiner ofsetzt an e wichtege Schratt an der Lutte ëm den Titel mécht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie ABundesliga
Wolfsburg - Hoffenheim 2:2
0:1 Beier (6'), 1:1 Majer (58'), 1:2 Prömel (66'), 2:2 Majer (70', Eelefmeter)
Hoffenheim huet besser an de Match fonnt an ass scho fréi duerch ee schéine Gol vum Beier a Féierung gaangen. D’Spectateuren hunn een ausgeglachene Match gesinn, an deem virun allem Wolfsburg offensiv net vill agefall ass. No enger knapper Stonn war et dunn de Majer, deen ausgläiche konnt, ma de Prömel huet just e puer Minutten drop nees fir déi Hoffenheimer Féierung gesuergt. Och déi sollt awer net laang halen, well de Majer per Eelefmeter nees op 2:2 gestallt huet. Dobäi sollt et bis zum Schluss bleiwen, soudass béid Ekippe weider op 3 Punkte waarde mussen.
RB Leipzig - Union Berlin 2:0
1:0 Openda (11'), 2:0 Sesko (48')
Leipzig huet d’Ufanksphas dominéiert an ass no engem Fräistouss vum Simons duerch den Openda a Féierung gaangen. An der Suite huet RB weider op den nächste Gol gedréckt wärend Union Berlin réischt kuerz virun der Paus an d’Partie fonnt huet. Direkt nom Säitewiessel huet de Sesko allerdéngs du fir eng kleng Virentscheedung gesuergt, well D’Visiteuren offensiv net vill Iddien haten. No der rouder Kaart fir den Trimmel an der 73. Minutt hat RB déi dräi Punkte sécher, soudass een der Serie vu 4 Partien ouni Victoire een Enn bereede kann.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Brest - Nice 0:0
Olympique Lyon - Olympique Marseille 1:0
1:0 Lacazette (37')
Lyon befreit sech no zwou Néierlagen nees aus dem Tabellekeller a ka géint Marseille dräifach punkten, déi zanter 8 Liga-Matcher ongeschloe waren. Obwuel d’Gäscht am “Choc des Olympiques” méi vum Ball haten, konnt Lyon als eenzeg Formatioun geféierlech Occasioune kreéieren an ass esou och verdéngt duerch de Lacazette a Féierung gaangen. Och nom Säitewiessel ass Marseille offensiv ganz wéineg agefall, wärend Lyon ëmmer nees Akzenter setze konnt. Et huet bis ronn 20 Minutte viru Schluss gedauert ier d’Visiteure méi dacks virun de Gol komm sinn, ma richteg a Gefor war d’Victoire vun den Haushären net. Lyon setzt sech domat ëmmer méi vun den Ofstigsplazen of, Marseille verléiert dogéint e wéineg den Uschloss un déi international Qualifikatioun.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Betis - Getafe 1:1
0:1 Greenwood (8', Eelefmeter), 1:1 Isco (35', Eelefmeter)
Real Madrid - Atlético Madrid 1:1
1:0 Diaz (20'), 1:1 Llorente (90+3')
No enger ausgeglachener Ufanksphas, an där béid Ekippe Chancen op den éischte Gol haten, konnt den Diaz d’Féierung fir seng Faarwe markéieren. Mat e wéineg Reussite ass hie fräi virum Oblak opgetaucht an huet sech dës Chance net huele gelooss. An der Suite hunn déi “Kinneklech” no engem weidere Gol gesicht, iwwerdeems d’Ekipp vum Diego Simeone virun allem duerch Corner geféierlech gouf. No der Paus war et dunn och ee Corner, deen zum Ausgläich gefouert huet, ma dem Savic säi Gol gouf wéinst Abseits zréckgeholl. Béid Formatiounen hate weider Occasiounen, Real Madrid war der Entscheedung allerdéngs laang méi no wéi Atlético dem 1:1. D’"Rojiblancos” hunn dunn zum Schluss op den Ausgläich gedréckt, an an der Nospillzäit war et mam Llorente een Ex-Spiller vum Real, deen de Ball awer nach am Gol ënnerbréngen a sou fir ee spéit Gläichspill suerge konnt. Real Madrid huet domat un der Spëtzt eng Avance vun 2 Punkten op Girona, wärend Atlético 2 Punkten hannert Barcelona op Plaz 4 bleift.