Liverpool un der SpëtztArsenal verléiert Tabelleféierung no Néierlag géint West Ham

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Hëllef vu West Ham United beim FC Arsenal geet den FC Liverpool an der englescher Premier League als Leader an d'Réckronn.
© AFP

West Ham huet en Donneschdeg iwwerraschend mat 2:0 (1:0) beim FC Arsenal gewonnen. Duerch déi drëtt Néierlag an dëser Saison verpassen d’"Gunners” (40 Punkten) de Retour op Plaz 1 an der Tabell. No der Allersronn steet domadder den FC Liverpool (42 Punkten) an England un der Tabellespëtzt. D’Ekipp vum Jürgen Klopp hat schonn en Dënschdeg mat 2:0 beim FC Burnley gewonnen.

Hei fannt Dir d’Resultater, Statistiken an d’Tabell vun der Premier League.


Back to Top
CIM LOGO