US OpenAryna Sabalenka a Jessica Pegula stinn an der Finall

RTL Lëtzebuerg
D'US-Open-Finall vun den Damme gëtt e Samschdeg den Owend gespillt. D'Aryna Sabalenka an d'Jessica Pegula duelléiere sech ëm den Titel bei den US Open.
© AFP

D’Sabalenka, d’Nummer 2 op der Welt, huet sech an der Halleffinall vum Grand Slam mat 6:3 a 7:6 (7:2) géint d’US-Amerikanerin Emma Navarro duerchgesat.

D’Pegula huet an der Halleffinall mat 1:6, 6:4 a 6:2 géint d’Tschechin Karolina Muchova gewonnen. Fir d’US-Amerikanerin ass et déi éischt Finall bei engem Major.

Fir d’Sabalenka kéint et deen drëtte Majortitel ginn an hiren éischte bei den US Open zu New York.

Back to Top
CIM LOGO