
E Mëttwoch den Owend gouf am Schi-Alpin-Weltcup een Nuetssalom zu Flachau gefuer. Um Enn huet sech den Atle Lie McGrath aus Norwegen seng éischt Victoire am Weltcup geséchert. De Clément Noel hat als Zweeten e Réckstand vun 29 Honnertstel. Fir de Fransous ass et an dëser Saison schonn déi 17. Kéier, datt hien um Podium steet. Mat engem Réckstand vu 64 Honnertstel ass den Daniel Yule aus der Schwäiz den Drëtte ginn.
Nom éischte Laf louch de Johannes Strolz nach op der éischter Plaz. Den Éisträicher ass mat enger knapper Sekonn Avance an déi zweet Manche gaangen, ma um Enn ass hien nëmmen de Véierte ginn.