Internationale FuttballBarcelona léisst Punkte leien

RTL Lëtzebuerg
An England gewënnt Chelsea ganz kloer mat 5:0 géint Huddersfield an Tottenham klappt Newcastle.
© afp

Um Samschdeg stoungen an England, Frankräich, Spuenien an Italien d’Topekippen um Terrain.

Premier League

Tottenham - Newcastle 1:0

Ganz laang huet sech Tottenham mat de ManCity-Bezwénger schwéier gedoen mee an der 83. Minutt konnt de Südkoreaner Heung-Min Son d’Spurs erléisen. E schwaache Schoss vun dësem ass eigentlech just an d’Mëtt op de Golkipper gaangen mee den Dubravka am Gol huet de Ball duerchgoe gelooss an esou stoung et 1:0.

Chelsea - Huddersfield 5:0

No der iwwerraschender 0:4-Néierlag géint Bournemouth an der Woch, huet Chelsea déi richteg Reaktioun gewisen a klappt Huddersfield ganz däitlech mat 5:0. 2x Higuain, 2x Hazard an 1x David Luiz hu mat hire Goler fir dës Victoire gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Monaco - Toulouse2:1

An engem ganz wichtege Match fir aus dem Keller ze kommen gewënnt Monaco mat 2:1 géint Toulouse. De Golovin (15.’) an de Fabregas (62.’) hu fir déi 2 Goler gesuergt. Tëschenzäitlech konnt de Jullien (20.’) fir den 1:1 ausgläichen.

Stade Reims - Marseille 21h00

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Barcelona - Valencia 2:2

Géint Valencia koum den FC Barcelona net iwwert en 2:2 eraus. Nodeems d’Ekipp ëm de Lionel Messi mat 0:2 duerch Goler vum Gameiro a Parejo a Réckstand louch, war et den Argentinier selwer dee mat 2 Goler nach 1 Punkt rette konnt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Neapel - Sampdoria Genua 3:0

Scho fréi hunn d’Zeechen op Victoire fir Neapel gestanen wéi de Milik (25.’) an den Insigne (26.’) innerhalb vun 1 Minutt 2 Goler geschoss hunn. Kuerz viru Schluss konnt de Verdi (89.’) mat engem Eelefmeter op 3:0 stellen an esou alles kloer maachen.

Juventus Turin - Parma 20h30

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO