Internationale FuttballBarcelona no Derby-Victoire eng 28. Kéier spuenesche Champion

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet den FC Barcelona mat 2:0 géint Espanyol Barcelona gewonnen an domat och fréizäiteg de Championstitel a Spuenien.
© AFP

De 17 Joer jonke Lamine Yamal huet an der 53. Minutt den éischte Gol an dëser Partie markéiert, ier de Fermin Lopez an der Nospillzäit fir d'2:0-Schlussresultat gesuergt huet. Dëst ass de Katalanen duergaangen, fir fréizäiteg Champion ze ginn. Et ass den 28. Championstitel an der Veräinsgeschicht.

Wéi schonns virun zwee Joer, beim leschte Championstitel vum FC Barcelona, hunn d’Katalanen also géint Espanyol den Titel kloer gemaach.

Back to Top
CIM LOGO