Lëtzebuerger Futtballer am AuslandBarreiro a Mainz bleiwen am Tabellekeller

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Thill-Bridder gouf et jeeweils eng Néierlag, e Gläichspill an eng Victoire ze feieren. Elversberg kasséiert déi zweet Néierlag hannerteneen.
© AFP (Archiv)

Sonndeg

An der däitscher Bundesliga sinn um 14. Spilldag mat Köln a Mainz zwou Ekippen aus dem Tabellekeller openee getraff, de Match gouf mat Lëtzebuerger Bedeelegung op Mainzer Säit gespillt. Um Enn gouf et en 0:0, dee kenger vu béiden Ekippe weiderhëlleft. De Leandro Barreiro stoung wärend 90 Minutten um Terrain an hat och d’Virlag zu engem Gol ginn, deen awer vum VAR oferkannt gouf.

Eng Liga méi déif huet sech Elversberg mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte 0:1 géint Nürnberg musse geschloe ginn. De Gol fir d’Franken ass eréischt ganz spéit gefall, sou dass d’Saarlänner keng Méiglechkeet méi haten ze egaliséieren. Béid Ekippe sinn elo punktgläich am Mëttelfeld vun der Tabell.

Fir de Vincent Thill a Sabah Baku gouf et eng kloer 4:0-Victoire géint Sabail FK. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun an huet de véierte Gol bäigesteiert, gouf awer kuerz duerno an der 60. Minutt ausgewiesselt.

Säi Brudder, Sébastien Thill, huet mat Stal Rzeszow an der éischter polnescher Liga d’Punkte gedeelt. Beim 1:1 géint Odra Opole stoung de Lëtzebuerger wärend 90 Minutten um Terrain. Rzeszow war an der 51. Minutt a Féierung gaangen, huet den Ausgläich awer nach an der Nospillzäit kasséiert.

Den drëtten Thill-Brudder, den Olivier Thill, ass an der zweeter tierkescher Liga mat senger Ekipp Sanliurfaspor mat 0:4 bei Eyüspor ënner d’Rieder komm. Schonn an der 6. Minutt ass Sanliurfaspor en Eegegol ënnerlaf a bis zur Paus konnt Eyüspor en zweete Gol schéissen. De Lëtzebuerger gouf an der 58. Minutt agewiesselt, huet awer zwee weider Goler fir Eyüspor net verhënnere kënnen, déi Tabellenéischte sinn.

Fir Francs Borains leeft et weiderhin net gutt. D’Ekipp vum Alessio Curci huet géint RFC Léck déi véiert Néierlag hannertenee kasséiert a steet mëttlerweil op der leschter Plaz. Den decisive Gol fir Léck war an der 29. Minutt gefall. De Lëtzebuerger gouf an der 78. Minutt agewiesselt, konnt senger Ekipp awer net méi entscheedend weiderhëllefen.

Den Enes Mahmutovic huet mat ZSKA Sofia de Spëtzematch géint Ludogorez Rasgrad 0:1 verluer an domat déi zweet Néierlag an der Liga kasséiert. Am Heemspill zu Sofia koum de Lëtzebuerger net zum Asaz an huet de Gol fir Rasgrad an der 18. Minutt vun der Nospillzäit vun der Bänk aus matkritt.

Samschdeg

De Marvin Martins spillt mat Austria Wien 2:2-Gläich géint Austria Klagenfurt. De Lëtzebuerger Defenseur stoung 90 Minutten um Terrain. Austria Wien steet an der Tabell op der 8. Plaz.

An der 3. Liga an Däitschland gouf et fir de Laurent Jans a Waldhof Mannheim de nächste Réckschlag. Zu Sandhausen muss sech Mannheim däitlech mat 0:3 geschloen ginn. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp stoung 90 Minutten um Terrain. Mannheim steet no 10 Matcher ouni Victoire mat 14 Punkte weider déif am Keller vun der Tabell.

An der Bundesliga verléiert Gladbach bei Union Berlin mat 1:3. Den Yvandro Borges war no senger Verletzung nees am Kader vu Gladbach, ass awer net an den Asaz komm. Den Iwwerbléck iwwert déi däitsch Bundesliga fannt dir hei.

Um 16. Spilldag an Ungarn spillt den Tim Hall mat Ujpest 1:1 géint Zalaegerszegi. De Lëtzebuerger ass bei Ujpest beim Stand vun 1:0 fir seng Ekipp an der 77. Minutt agewiesselt ginn.

An der 2. däitscher Bundesliga huet St. Pauli zu Osnabrück nëmmen 1:1-Gläich gespillt. Bei de Gäscht ass den Danel Sinani net an den Asaz komm.

Back to Top
CIM LOGO