En Dënschdeg de Moien gouf et eng Versammlung op der Gemeng zu Keel, fir iwwert d’Zukunft vum Basketveräin Red Miners Kayldall ze schwätzen. Et ass jo bekannt, dass de Veräin net uerdentlech gefouert gëtt an et och keng Generalversammlung gouf. De 26. Februar gëtt dës vun der Gemeng aberuff, fir de Veräin ze retten.
Och den Dossier vum Club, deen op der Gemeng läit, ass net mat villen Blieder gefëllt an dass de Kayldall Scholden huet, ass och kee Geheimnis méi. D’Gemeng wëll op alle Fall analyséieren, wat an der Vergaangenheet bei de Red Miners funktionéiert huet a wat net.
Aus sportlecher Siicht huet och elo déi zweet Ekipp de leschte Weekend hiren drëtte Forfait erkläert. Soumat hunn d’Red Miners keng Ekipp méi am Championnat.