
Direkt an der 7. Minutt war et de Frimpong, dee fir déi fréi 1:0-Féierung fir Leverkusen gesuergt huet. Fortuna Düsseldorf aus der 2. Bundesliga haten et wéi erwaart schwéier géint de Favorit, sou dass wéineg Chancen fir d’Ekipp erausgespronge sinn an der éischter Hallschent.
Leverkusen dogéint huet seng Chance weider genotzt, sou dass an der 20. Minutt den Adli fir den 2:0 an de Wirtz fir den 3:0 an der 35. Minutt gesuergt hunn an domadder de Sak praktesch schonn zougemaach hunn. Ausser enger gieler Kaart fir den Tzolis vun der Fortuna, ass näischt méi bis déi 2. Hallschent geschitt.
No der Paus koum och nëmmen nach wéineg säitens Düsseldorf, sou dass et mat engem 2. Gol vum Wirtz an der 60. Minutt beim 4:0 fir Leverkuse bliwwen ass, déi domadder an der Finall vum DFB-Pokal géint Kaiserslautern spillen.
An der Coppa Italia dann wënnt den AC Florenz géint Atalanta Bergamo, dat mam eenzege Gol vun der Partie fir Florenz, deen de Mandragora markéiert huet.
An der Halleffinall vun der Coupe de France trenne sech de PSG an Rennes 1:0. Hei war et den Mbappé, deen an der 40. Minutt fir den 1:0 Endstand gesuergt huet, nodeem hien an der 37. Minutt en Eelefmeter verschoss hat.