Internationale FuttballBayern verléiert zu Bochum, Real spillt nëmme gläich

RTL Lëtzebuerg
An der 1. däitscher Bundesliga steet Bayer Leverkusen domat elo mat aacht Punkte Virsprong un der Tabellespëtzt.
© AFP

E Sonndeg goufen et am internationale Futtballchampionnat déi eng oder aner Iwwerraschung. An der däitscher Bundesliga verléiert Bayern zu Bochum an an der La Liga léisst Real Madrid géint Rayo mat engem 1:1 Punkte leien. Fir Manchester United sinn zwee fréi Goler fir eng liicht glécklech Victoire zu Luton duergaangen.

Bundesliga

Freiburg - Frankfurt 3:3
0:1 Marmoush (27'), 1:1 Doan (30'), 1:2 Knauff (35'), 2:2 Grifo (45+5'), 2:3 Knauff (72'), 3:3 Gregoritsch (90')

Bochum - Bayern 3:2
0:1 Musiala (14'), 1:1 Asano (38'), 2:1 Schlotterbeck (44'), 3:1 Stöger (78'), 3:2 Kane (87')

No enger batterer Defaite zu Bochum ginn d’Chancen op de Championstitel fir d’Bayern ëmmer méi kleng. D’Münchener haten den Ufank vum Match komplett ënner Kontroll a sinn sou och am Numm vum Musiala a Féierung gaangen. No enger gréisserer Spillënnerbriechung op Grond vun de Fan-Protester, war et dann allerdéngs d’Lokalekipp, déi besser an d’Partie zréckfanne konnt. Sou waren et den Asano an de Schlotterbeck, déi de Spillstand nach virun der Paus dréine konnten. D’Bayern hu sech weider schwéier gedoen, eng Giel-Rout Kaart fir den Upamecano an en Eelefmeter géint sech hunn dat Ganzt net méi einfach gemaach. Den 3:1 vum Punkt duerch de Stöger konnt de Kane dann zwar nach ee Mol konteren, fir ee Punkt sollt et um Enn awer net méi duergoen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Sheffield - Brighton 0:5
0:1 Buonanotte (20'), 0:2 Welbeck (24'), 0:3 Robinson (75'), 0:4 Adingra (78'), 0:5 Adingra (85')

Luton - Manchester United 1:2
0:1 Höjlund (1'), 0:2 Höjlund (7'), 1:2 Morris (14')

Zwee fréi Goler vum Höjlund si Manchester United duergaangen, fir sech um 25. Spilldag déi dräi Punkten ze sécheren. Dem Opsteiger Luton war zwar kuerz no den zwee Géigegoler selwer ee Gol gelongen, am weidere Spillverlaf konnte si sech trotz ville Beméiungen awer net mat engem Punkt belounen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lazio - Bologna 1:2
1:0 Isaksen (18'), 1:1 El Azzouzi (39'), 1:2 Zirkzee (78')

Frosinone - AS Roum 0:3
0:1 Huijsen (38'), 0:2 Azmoun (71'), 0:3 Paredes (81')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - Toulouse 1:2
0:1 Sierro (41'), 1:1 Akliouche (48'), 1:2 Costa (70')

Reims - Lens 1:1
1:0 Diakité (41'), 1:1 Said (45+2')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Rayo - Real Madrid 1:1
0:1 Joselu (3'), 1:1 de Tomas (27')

No der Victoire am Spëtzenduell leschte Weekend léisst Real Madrid duerch en 1:1 géint Rayo dem FC Girona d’Chance nees Punkten an der Tabell gutt ze maachen. Dobäi hat ufanks alles gutt ausgesinn. Schonn no dräi Minutte war et de Joselu, deen op 1:0 fir déi Kinnéklech stelle konnt. An der 27. Minutt war et dann awer den de Tomas, dee per Eelefmeter egaliséiert huet. Eng ausgeglache Partie ass sou no 45 Minutten an d’Paus gaangen. Och nom Säitewiessel huet Real sech offensiv weider schwéier gedoen. Rayo krut den 1:1 verdeedegt a séchert sech um Enn ee verdéngte Punkt géint den Tabelleleader.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO